Search

You may also like

Franséischen Nationalfeierdag: Zu Éiere vum Fleegepersonal a Militär
Neiegkeeten

Franséischen Nationalfeierdag: Zu Éiere vum Fleegepersonal a Militär

Op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron huet d’Lëtzebuerger Gesondheetsministesch

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm
Neiegkeeten

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ab e Freideg, de 27 September

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer
Neiegkeeten

Äerdbiewen an der Ägäis: Mindestens 20 Affer

No engem Äerdbiewen an der Ägäis, läit den aktuelle Bilan

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen

Wiessel am Jonglënster Schäfferot

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen

D’DP-Jonglënster deelt mat, datt d’Schäfferotsmandat vum Gilles Baum an der Gemeng Jonglënster soll ab dem 1. September 2020 vum Ben Ries virugefouert ginn.

Déi lescht Wochen a Méint hunn de Gilles Baum zur Iwwerzeegung bruecht, datt seng aarbechtsintensiv Funktioun als Fraktiounspresident vun der Demokratescher Partei – déi hien zanter dem 4. Februar 2020 ausüübt – a säi Schäffeposten aus Zäitgrënn net méi vereinbar sinn. De Gilles Baum bleift weider Conseiller am Gemengerot.

D’DP-Jonglënster schléit de Ben Ries als neie Schäffe vir. De 36 Joer ale Professer an 2-fache Papp vu Gonnereng war bei de leschte Walen Zweetgewielten op der DP-Lëscht. „Ech si frou, mäin Amt an der gréisster an awunnerstäerkster Gemeng am Osten un een engagéierten an talentéierte jonke Mann weiderzeginn“, esou de Gilles Baum.

D’DP-Jonglënster ass dovunner iwwerzeegt, datt de Ben Ries déi nei Aufgab mat vill Begeeschterung an Asaz ugeet, an déi ugefaangen Aarbecht an der Kontinuitéit an am Interêt vun allen Awunner weiderféiere wäert.

Matgedeelt vun der DP-Jonglënster

Related topics Ben Ries, DP, Gilles Baum, Jonglënster, Schäffen, Zäitmangel
Next post Previous post