Search

You may also like

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass
Kultur Neiegkeeten

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass

D‘Verhandlungen hunn sech iwwer fënnef Stonnen higezunn, wat schonn eng

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
Kultur Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot
Kultur Neiegkeeten

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot

Bei de Wahlen an der UN-Vollversammlung sinn d‘Wierfel gefall, a

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado

Selwer betraff huet de Museker Gérard Basien vu Péiteng seng Frënn a Kollege mobiliséiert

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado

Den Tornado deen de 9. August zu Péiteng a Käerjeng fir zimlech zolitte Schued gesuergt an ee groussen Elan u Solidaritéit am Land ausgeléist huet, geet an d‘Anale vun de Lëtzebuerger Geschicht an. Et ass scho „gebotzt“ ginn an och soss bleiwen d‘Autoritéiten an Acteuren aus dem soziale Secteur um Ball. E Samschdeg gëtt dann elo och en Beneficeconcert organiséiert.

Eng Iddi déi hiren Ursprong beim Péitenger Museker – a selwer affer vum Onwieder – Gérard Basien huet. Hie huet spontan säin Netzwierk beméit an d‘Museker am Land op de Projet ugeschwat. Déi hunn d‘Ufro net nëmme begréisst mee esouwäit et zäitlech méiglech war, och direkt zougesot. E Samschdeg um 15 Auer gëtt dann um Parvis vun der Märei fir d‘Affer gerockt.

An hei dierft et dann och richteg viru goen. De „Lineup“ léisst keng Wënsch oppen an och wa Fouerzäit ass, dëse 24. August sollt een awer bis op Péiteng kommen. Dat zum enge wëll et ee memorabele Concert ass, dee sécherlech esou eenzegaarteg wéi kulturell uspriechend wäert ginn, an zum aneren, well „Solidaritéit mat engem Grinsen am Gesiicht“ ëmmer déi besser Optioun ass.

Et erwaart iech… den helle Wahnsinn

Mat renomméierte Bands wéi Heavy Petrol, Bastards and Friends oder De la Mancha ka keng Langweil opkommen. Net ze vergiessen datt och de Lata Gouveia, den Yves Schulte an den Andrea Galetti hir „Stëmmen“ fir de gudden Zweck wäerten asetzen. An do wou et engem da besonnesch waarm ëm d‘Häerz ka ginn, dat sinn déi wou aus zäitleche Grënn net kënne matmaachen an awer…

Esou um Beispill vu „Rusty Chair“ eng Band déi „matten an der Schoulvakanz“ stécht a net mat vun der Partie ka sinn. Si fannen de Projet dann awer esou gutt a wichteg, datt si schonn emol en zolitten Don gemaach hunn. Natierlech bedeelegen sech och vill Veräiner um Projet. Esou de lokalen Handball Club, mee och d‘Millenium Biker Asbl huet hir Bedeelegung scho confirméiert.

Offiziell stinn als Organisateure d‘Gemeng Péiteng an d‘Associatioun „Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng“ hannert dem Projet, wouduerch séchergestallt ass, datt och alles do ukënnt wou et higehéiert. Déi géifen sech allerdéngs och freeën, wann et dobausse nach Mënsche géif ginn, déi eng Hand kéinten upake kommen: Grillen, Gedrénks ausginn an d‘Bühn op an ofbauen, wier gutt.

Wie kann a wëll soll sech w.e.g. mellen

Ëm déi „Fräiwëlleg“ këmmert sech d‘Josette Conzemius-Holcher, an déi Damm géif sech iwwert ären Uruff freeën. Dir kënnt d‘Josette um 691 785 050 erreechen, an do kritt dir dann all wichteg Informatioun. All déi Suen, déi bei dësem Beneficeconcert gesammelt kënne ginn, sinn fir déi Famille bestëmmt déi vum Tornado betraff sinn. Wann dir also Zäit hätt… kommt a maacht mat.

Wie keng Zäit huet, sech awer bedeelege wëll, kann dat mat enger Spend maachen:

Fir e Gudden Zweck – Gemeng Péiteng

BILL LU27 0026 0100 6485 5800

Käerjeng Hëlleft

CCPL LU78 1111 7024 7295 0000

Related topics Beneficeconcert, Fir e Gudden Zweck - Gemeng Péiteng, Gemeng Péiteng, Gérard basien, Käerjeng Hëlleft, Tornado
Next post Previous post