Search

You may also like

Staatsvisitt zu Lëtzebuerg: De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde op Besuch
Neiegkeeten

Staatsvisitt zu Lëtzebuerg: De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde op Besuch

Gëschter Moien ass déi kinneklech belsch Koppel häerzlech bei eis

Eemol am Joer, an da kréien se et net gebak
Neiegkeeten

Eemol am Joer, an da kréien se et net gebak

Gëschter Owend war d‘Stëmmung am Bundesinneministère zu Berlin fraschteg. Wärend

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus
Neiegkeeten

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Lëtzebuerg misst Efforte bei der Familljenzesummeféierung maachen, heescht et säitens der Consultativer Mënscherechtskommissioun

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun (CCDH) zum Recht op Familljenzesummeféierung, huet de President Gilbert Pregno aleedend d‘Regierung fir hir gutt Astellung an dësem Kontext gelueft, well si sech einfach besser wéi vill aner Länner géif behuelen. Natierlech ginn dës Efforten der CCDH net séier an net wäit genuch.

Esou werft de Gilbert Pregno der Regierung vir, datt et ze vill Hürde gëtt an den Demandeur ouni Begleedung guer net d‘Méiglechkeet huet, iwwert emol eng Demande anzereechen. Fir dësem Ëmstand seriéis ze begéinen an esou och d‘Konditioun vun de Beneficiaire vum internationale Schutz ze verbesseren, huet déi Consultativ Mënscherechtskommissioun Recommandatiounen.

D‘Juristin vun der CCDH, Anamarija Tunjic, huet dann awer nach ee klenge Rappell gemaach: esou haten d‘Demande fir Familljenzesummeféierung vun de Beneficiaire vum Internationale Schutz e Fënneftel vun alle Anträg vun 2019 ausgemaach. An Zuelen: 1.688 Demande huet et ginn, 1.388 sinn ugeholl an 168 refuséiert ginn. Fir 181 Demanden ass d‘Prozedur nach net ofgeschloss.

Eppes Flexibilitéit wier net vu Muttwëll

Fir d‘Annamarija Tunjic ginn et eng Rei Problemer déi ee séier an zimmlech einfach léise kann. Als éischt ass do den Delai vun 3 Méint fir den Antrag anzereechen. En Delai deen ufänkt, wann dem Demandeur den Statut vum internationale Schutz unerkannt kritt. Hei awer ass net berécksiichtegt hinn, datt alkl Situatioun besonnesch ass an den Delai eigentlech mindestens 6 Méint sollt bedroen.

Dat war jo esou och am Koalitiounsaccord festgehale ginn. Eng Gesetzesännerung ass den Ament awer net virgesinn, well et schafft keen drun. D‘Juriste recommandéiert ënnert dësen Ëmstänn, eng méi flexibel „Approche“ ze behäerzegen. Esou sollt den Demandeuren erméiglecht ginn eng partiell Demande am gesaten Delai virzeleeën, déi da lues a lues kéint vervollstännegt ginn.

D‘Definitioun vu „Famill“ an de Kontext setzen

Elo huet d‘CCDH-Juristin awer och de Misär, datt d‘Gesetz d‘Famill aus engem streng biologesche Bléckwénkel betruecht. Dat awer géif der Diversitéit vun der Familljenzesummestellung net méi gerecht, an hei gëtt ganz däitlech gefuerdert, datt een dat „Konzept“ vu Famill eppes méi labber a méi kulturell betruechte sollt. Eng Koppel misst deemno weder bestued nach gepaxt sinn…

Zudeem sollten och déi „net biologesch“ Kanner vun enger Koppel, wéi och déi Erwuessen, awer nach vun den Elteren ofhängeg Kanner, berécksiichtegt ginn. Zudeem kann esou ee Regruppement richteg deier ginn. Dat kënnen e puer Dausend Euro pro Persoun sinn an hei sollt de Staat, deenen Demandeuren, déi de Goss net hunn, e Kredit zougestoen, fir datt si hiert Recht ausübe kënnen.

Méi a virun allem besser Informéieren

An da gëtt nach vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun ënnerstrach, datt d‘Demandeure kaum oder schlecht informéiert sinn. Hei misst et dréngend gutt Informatiounsmaterial ginn, déi zu de Konditiounen an den Delaie kloer, däitlech a virun allem verständlech Inhalter liwweren. Dës Informatioun, déi als Broschür kéint dohier kommen, muss dann och méisproocheg sinn.

De CCDH huet sech dann och nach mam Statut vum „Familljemember“ beschäftegt. Deen ass elo während fënnef Joer ofhängeg vum Regruppement, wat natierlech besonnesch a Fäll vun haislecher Gewalt een zolitte Problem duerstellt. Aus dësem Gron verlaangt d‘Mënscherechtskommissioun dat de Familljememberen déi „nokommen“ ee perséinleche Statut zougestane gëtt. Firwat och net…

Foto: © Gus Moretta / unsplash

Related topics Beneficiaire vum internationale Schutz, CCDH, Consultativ Mënscherechtskommissioun, Familljenzesummeféierung
Next post Previous post