Search

You may also like

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of
Kultur Neiegkeeten

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of

Um Europadag, deen onbemierkt zu Stroossbuerg gefeiert gouf, huet de

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
Kultur Neiegkeeten

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou
Kultur Neiegkeeten

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou

Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado

Bei beschtem Wieder an entspriechend gudder Stëmmung gouf et zu Péiteng Kultur vum feinsten

Organiséiert vun der Associatioun „Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng“ mat der Ënnerstëtzung vun der Péitenger Gemeng no enger Iddi vum Gérard Basien, huet et gëschter e klenge Festival um Parvis vun der Märei ginn, deen zu Gonschte vun den Affer vum Tornado, deen de 9. August iwwer d‘Gemenge Péiteng a Käerjeng hiergefall war.

Zimlech pénktlech ass et lassgaangen an de Parvis huet sech mat leit gefëllt. Ee muss den Optakt maachen, an dat wat hei keen anere wéi den Yves Schulte. No zwee bis dräi Solostécker – pardon hunn se net gezielt – krut hie „Ënnerstëtzung“ an de klenge Festival war an d‘Rulle komm. Ëmmer méi Leit hu sech op der Plaz afonnt, d‘Spendebéchsen hu lues awer sécher ugefaangen sech ze fëllen. Bei der Béierbud ass et virugaangen – et war duuschteregt Wieder – a wou een higekuckt huet, nëmme gutt gelaunte Gäscht.

Ob sech de Buergermeeschter vu Péiteng, Pierre Melina, dat esou erwaart hat ass net gewosst, dofir awer dat hie sech immens gefreet huet iwwert de groussen Zousproch, deen dës jo awer zimlech spontan Aktioun kritt huet. An déi gutt Laun war iwwerall, bei de Benevollen déi sech ëm d‘Wuel vu Grouss a Kleng gekëmmert hunn, de sëlleche Museker déi sech op de Bühnen ofgeléist hunn an déi ganz Ekipp wou fir gudden Toun gesuergt huet.

Den Diddelenger Kënschtler André Depienne hat zwee Biller an d‘Tombola ginn, déi mëttels zwee Kaartespiller un de Mann, respektiv d‘Fra ausgeloust goufen. Domatter ware schonn emol 1.080 Euro „agespillt“ ginn. De Ray Charles ass un eng Damm gaangen, während de Freddie Mercury elo seng Plaz bei engem Mann op der Mauer dierf anhuelen. Eng gutt a flott Iddi, mat där zugläich ënnerstrach gouf, datt sech op dësem Dag alles ëm Kultur a Solidaritéit gedréint huet. Géint 22 Auer ass de Festival ausgeklongen. Fazit: „einfach mega!“

Fir e Gudden Zweck – Gemeng Péiteng

BILL LU27 0026 0100 6485 5800

Käerjeng Hëlleft

CCPL LU78 1111 7024 7295 0000

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Beneficeconcert, Fir e Gudden Zweck - Gemeng Péiteng, Gemeng Péiteng, Gérard basien, Käerjeng Hëlleft, Tornado
Next post Previous post