Search

You may also like

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“
International Neiegkeeten Stories

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“

Jonk Mënschen déi sech engagéieren, datt ass eng gutt Saach.

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt
International Neiegkeeten Stories

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt

D’Kulturfabrik an d’Stad Esch musse leider matdeelen, datt duerch d’Coronakris

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger
International Neiegkeeten Stories

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger

Esou wéi de Koalitiounsaccord tëscht der CSV, DP an déi

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!

Ëmmer erëm si mir konfrontéiert mat steigende Präisser, virun allem um Bensin. Dobäi reegelt meeschtens d’Quantitéit an d’Nofro de Marché. Wat wier dann awer elo, wann een d’Tankstellen och mat net-fossile Brennstoffer beliwwere kéint? Majo e puer schlau Käpp hu sech weltwäit dëser Erausfuerderung gestallt.

Generell ass et méiglech, aus allem, wat Ueleg produzéiert, Bensin hierzestellen. Säit Enn leschtem Joer fueren dofir an der englescher Haaptstad London verschidden Doppeldeckerbusser mat Kaffisaz. Dat deelt den Energiekonzern Shell mat. Zesumme mat der Entreprise Bio-Bean hu si ee Kraaftstoff, mam Numm B20 entwéckelt, den aus dem Ueleg vum Kaffi gewonne gëtt. Heivir sammelt d’Firma weltwäit de Kaffisaz vun onofhängege klenge Caféen a grousse Chaînen fir uschléissend dorausser ëmweltfrëndleche Sprit ze produzéieren.

Bio Bean

Zemools elo, wou sech ëmmer méi iwwert d’Plastikproduktioun beschwéiert an den alldeeglechen Offall opgereegt gëtt, ass et un der Zäit fir kreative Käpp eng Chance ze bidden. Genau esou ass och den Iddi bei Bio-Bean entstanen. Eleng zu London ginn all Joer 200.000 Tonnen Kaffisaz ewech gehäit. Genau dësen Offallprodukt kann een weider verwäerten!

Nieft dem Kaffi-Sprit bitt Bio-Bean och sougenannte „Coffe Logs“ un, déi, wéi Pallets, de Mazout fir d’Heizung ersetzen an esou d’Wunneng wonnerbar mam Offallprodukt vum Kaffi hëtzen. All Coffee-Log, selbstverständlech Karbon-neutral, besteet aus dem Kaffisaz vu 25 Tasen a brennt laut hinnen souguer 20 % méi waarm, wéi normaalt Holz. Wëssenswäert ass hei och, datt de Recycling vum Kaffi 80 % manner Loftverschmotzung mat sech bréngt, wéi eng Drecksdeponie.

Bei der Verwäertung vum Kaffisaz ginn et awer nach vill weider Virdeeler. D’Entreprise Bio-Bean ënnersträicht, datt nieft der Verréngerung vum Dreck och méi geréng Käschten entstinn. De Kaffi, als natierleche Produit, end oft am normalen Drecksbac, spéider dann op der Drecksdeponie, wou et d’Operateure vum Site, op alle Fall mol a Groussbritannien, eng deier Prozedur kascht, fir den fiichte Kaffisaz vum aneren Offall ze trennen. Och den anaeroboeschen Ofbau ass net déi ideal Entsuergungsmethoud. Duerch déi sandeg Konsistenz an déi chemesch Zesummesetzung kënnen déi gutt Mikroben an der Biogasanlag vergëft ginn. Aus all dëse Grënn ass et, souwuel ekologesc, wéi och ekonomesch gesinn, déi bescht Alternativ, aus dem Offallprodukt een natierleche Kraaftstoff hierzestellen.

Vum Pëtrol zum Plastik an ëmgekéiert

Wou mir virdrun schonn beim Thema Plastiksoffall waren, stelle mir Iech elo de Fransous Christopher Costes fir. Ab dem Moment, wou hien sech mat den enorme Quantitéiten un alldeeglechem Plastiksoffall an der Verschmotzung vun de Mierer ausernaner gesat huet, huet hie missen handelen. Mat ville Recherche koum hien zum Entschloss, duerch eng speziell Technik de Plastik souzesoen ze destilléieren. Bei der sougenannter Pyrolys vum Plastik gëtt dëse Produit fir d’éischt zerklengert an duerno op 400°C erhëtzt. D’Resultat vun dëser Prozedur ass Sprit.

No enger Rei Versich huet de Christopher schlussendlech déi richteg Formel fonnt, fir ee qualitative Kraaftstoff ze produzéieren. Mëttlerweil kann de Fransous doheem aus 1 Kilogramm Plastik ongeféier 500 Gramm un héichwäertegem Diesel hierstellen, an dat a just enger Stonn.

Plastik

D’Ozeaner botzen – d’Ekonomie nieren

Zesumme mat der Associatioun Earthwake setzt de Christopher sech dofir an, datt eis Ozeaner vum Plastiksoffall gerengegt ginn an esou géint d’Ëmweltverschmotzung virzegoen. Leider muss ee soen, datt de gewonnenen Diesel net fir Autoen geduecht ass, an dat duerch d’Komplexitéit vum Moteur. Trotzdeem kann een awer Trakteren a Schëffer mam Kraaftstoff versuergen. Doduerch ass den Iddi komm ee Kreeslaf entstoen ze loossen, wou beispillsweis d’Fëscher Plastiksoffäll opsammele kënnen, an als Belounung de Sprit vun der Pyrolys erhalen. Op alle Fall wier et eng gutt Léisung fir déi Länner, déi scho bal am Dreck ënnerginn.

Quellen:

Related topics Auto, Bensin, Bio Bean, Christopher Costes, Ëmweltverschmotzung, Kaffi, Plastik, Shell
Next post Previous post