Search

You may also like

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Kultur Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
Kultur Neiegkeeten

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!

[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech

EU: En zweete Vol mat 12 Tonnen Hëllefsmaterial fir de Libanon
Kultur Neiegkeeten

EU: En zweete Vol mat 12 Tonnen Hëllefsmaterial fir de Libanon

Gëschter huet den zweete Fluch vun der humanitärer Loftbréck vun

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft

Am spéide Mëtteg hat den Direkter vum BENU Village, de Georges Kieffer, déi grouss Éier, zesumme mam SNJ an der Schäffin vun der Stad Esch-Uelzecht, dem Ragny Mandy (déi gréng) den innovative Projet vum ekologeschen Duerf de Ministere Claude Meisch a Claude Turmes virzestellen. Och eng sëlleche weider Invitéen hunn et sech net entgoe gelooss bei der Presentatioun dobäi ze sinn.

Et dierft kengem entgaange sinn, datt mëttlerweil een Ëmdenken an eiser Gesellschaft herrscht, wat dorop erausleeft, datt mir manner Ressource verbrauchen an a Richtung Zero Waste histeiere wëllen. Zemools d’Jugend reagéiert immens sensibel op dës Thematik, déi net nëmmen d’Ëmwelt, mee och eist generellt Zesummeliewe betrëfft. Dobäi war et ëmsou méi erstaunlech, wéi vill verschidde Leit aus diversen Altersgruppe gëschter bei der Aweiung vu BENU mat dobäi waren.

Eng éischt Ried ass vum Geroges Kieffer, Direkter vum BENU Village komm, den sech immens houfreg gewisen huet, dësen innovativen a schounende Projet virzestellen. Dobäi huet hien erkläert, datt den Numm „Benu“ aus der egyptescher Mythologie kënnt a „Sief nei“ bedeit. An dat trëfft den Nol genau op de Kapp! Beim éischten Eco-Village an der Groussregioun hu ronn 120 Leit matgeschafft, fir aus alen oder gebrauchte Materialien ee Gebai ze bauen.

Bauen mat Fläschen, Lehm an Holz

Generell wëll een domat weisen, datt een mat Offall gutt baue kann, an datt ee Gebai och ouni Silikon, Bëtong, Steewoll, an aneren übleche Bausubstanze bestoe kann. Och de wëssenschaftlechen Aspekt kënnt hei net ze kuerz, wëll mat der Zäit hei den ekologesche Foussofdrock gemooss soll ginn. Momentan kann een awer scho soen, datt dës Aart ze Baue méiglech ass.

An engem nächste Schrëtt gëtt och vis-à-vis een Terrain am selwechte Stil bebaut an uschléissend verbonnen, wouduerch och ee Lien tëscht den zwee Escher Quartieren entsteet. Am Gebai selwer sollen da verschidde Coursen ugebuede ginn, déi am Beräich vum Kachen, Bau a Konscht leien, a soumat Wësse vermëttele sollen.

No enger opgereegter Ried, gefëllt mat begeeschterten Emotiounen, ass d’Wuert viru gaangen un den nächste Geroges. Dës Kéier awer un de Geroges Metz, Direkter vum SNJ. De Service, deen enk mat Jugendlechen zesumme schafft, ass ee Partner vu BENU. Hir Aufgab ass et, jonk Leit unzeschwätzen, déi net méi an d’Schoul ginn, awer och nach keng Aarbecht hunn. Duerch Aktivitéiten am Eco-Village a Berodung vu professionellen Educateure soll hinnen eng Chance op eng Zukunft an der Aarbechtswelt gebuede ginn.

Déijéineg, déi nees aktiv eppes maache wëllen, gi bei BENU och an Zukunft begleet a ginn zu Formatiounen, fräiwëllege Servicer, mee och dem nohaltegen Denke beroden. Ee grousse Merci ass vum Direkter un d’Kommissioun vun de Loyere gaangen, déi dës onüblech Situatioun ënnerstëtzen.

D’Schäffin vun der Stad Esch-Uelzecht, Ragny Mandy (déi gréng) huet de Projet als Nascht beschriwwen. Aus ale Materialie gëtt – beispillsweis am Bitzatelier – eppes Neies geschaf, verkaf, an spéider a säin Nascht zeréck kënnt, wann de Besëtzer keen Notze méi vum Kleedungsstéck huet. Och si ass immens houfreg iwwert den innovative Beitrag, wouduerch d’Stad den Eco-Village mat 900.000 € ënnerstëtzt huet.

No de Rieden, déi de Projet méi genau erkläre konnten, konnt de grousse Moment endlech kommen, fir d’Gebai, wat wierklech just aus „Offall“ besteet, ze betrieden. De Georges Kieffer konnt stolz ënnersträichen, datt hei just gebrauchte Materialie benotzt gi sinn, just d’Schrauwe wieren nei. De Groussdeel vum Bau besteet aus ale Schëffscontaineren, déi immens ufälleg fir Fiichtegkeet sinn. Hie huet den Direkter vu BENU déi ideal Léisung fonnt: D’Isolation besteet komplett aus Miscanthus, Lehm a Schofswoll. Dobäi hunn dës natierlech Produiten de Virdeel, datt si Fiichtegkeet gutt absorbéieren, an op mannst genau esou effektiv dämmen (wann een dat richtegt Mëschverhältnis fonnt huet), wéi déi üblech Materialien.

Den edukativen Aspekt

BENU huet sech als Ziel gesat, Zero Waste komplett ëmzesetzen. Aus dësem Grond hu si mat der Stad Esch-Uelzecht een Ofkommes getraff, datt si hir kleng Dreckskëscht just 1 Mol de Mount erausstellen dierfen. Hale si sech net drun, gëtt mat enger Penalitéit reagéiert.

Och op alle Produiten, déi an den Atelieren hiergestallt ginn, kritt de Keefer eng liewenslaang Garantie. Eng Box oder een Hiem ass hei vläicht méi deier wéi am Geschäft, an awer huet een, een Unikat am Grapp, wat een och nach no perséinleche Wënsch verännere loosse kann. Sollt da mat de Joren d’Kleedungsstéck net méi gefalen oder futti sinn, kann een et u BENU zeréck ginn.

Nieft der Bekleedung ass awer och den Atelier vun der Serigraphie presentéiert ginn. Bis zu 10 Persoune kënnen hei eegen Designs erstellen, déi uschléissend op verschidde Produite gedréckt ginn, natierlech nees alles mat degradabelen oder scho benotzte Materialien.

Bei enger Ofschlossried vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Claude Meisch, sou wéi dem Minister fir Energie a Landesplanung, dem Claude Turmes, ass dës Pionéieraarbecht enorm gelueft ginn. Dobäi huet de Claude Meisch ënnerstrach, datt Kanner a Jugendlecher wëssbegiereg sinn a wierklech léiere wëllen, an bei BENU d’Méiglechkeet dozou kréien. Bei dësem Projet schafft alles Hand an Hand, een Deel existéiert net ouni d’Ënnerstëtzung vun dem Aneren, wouduerch ee generellt Gesamtkonzept entsteet.

An dësem Kader ass de Claude Turmes op d’Wuert „Sensibiliséieren“ agaangen, wat indirekt och bedeit, ee Sënn ze fannen. Béid Aspekter erfëllt BENU, wärend och d’Kreeslafwirtschaft verbreet gëtt. Weiderhi freeën si sech op de Wuesstem vum Projet a si gespaant, wéi sech dat Ganz an Zukunft virun entwéckele wäert.

Esou ganz einfach sollten d’Ministeren an d’Schäffin dem Direkter vu BENU awer net dovu kommen. Esou missten si nach eng kleng Aufgab erfëllen, déi dorausser bestanen huet, verschidde Buschtawen aus Stoff, déi am Saz gefeelt hunn, anzesetzen. Fir eis Ministere war dat ganzt ee Kannerspill an esou krute si als Belounung een individuellen an originellen Akafskuerf aus der BENU-Manufaktur.

Ofschléissend duerften déi zuelräich Gäscht an virwëtzeg Leit bei dekorativ ästheteschen Häppercher, Viz a Schampes d’Aweiung ausklénge loossen an nach emol de Bléck duerch d’Gebai goe loossen, sech alles genau ukucken.

Wéi geet et virun?

D’Iddi vum Projet BENU ass, wéi een et erausliese a gesi kann immens innovativ. Jo, och fir d’Ëmwelt ass dës Aart ze bauen immens schounend. Doduerch, datt den edukativen Aspekt erfëllt ass an och divers Aarbechtsplaze geschaf ginn füügt sech d’Konzept ideal an eis Gesellschaft an. D’Fro ass just, op et ee laangliewege Charakter huet an d’Mënsche scho bereet fir esou eng nei Erfarung sinn.

Wien d’Gebai betrëtt kënnt sech schonn e bësse friem fir. Och d’Tatsaach, datt d’Konstrukteure vum Haus Hemmungen haten, fir Fënstere schif anzesetzen, also aus dem Gewinnten auszebriechen, dréit säin Deel dozou bäi. Natierlech ass de Zero Waste Gedanken, d’Opwäertung vun Offall an de Beitrag zum Wëssen immens spannend, an awer ka just d’Zukunft soen, op dës Iddi elo just eng kuerz Attraktioun fir d’Groussregioun ass, oder ob et ee Virbildcharakter fir kommend Projeten symboliséiert.

Related topics BENU, Claude Meisch, Claude Turmes, Eco Village, Geroges Kieffer, Pilotprojet, SNJ, Zero Waste
Next post Previous post