Search

You may also like

Firwat schreifs du?
Meenung WTF

Firwat schreifs du?

De Jean Bodry ass e lëtzebuergesche Blogger, deen iwwert alles schreift,

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
Meenung WTF

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen
Meenung WTF

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen

Den éischte Weekend vum Echterlive (16. Juli bis de Méindeg,

surprise

Wéi wäit bass de bereet ze goen ?

Wéi wäit bass de bereet ze goen ?

Et vergeet kaum en Dag wou sech der net zwee – et dierfen der och gäre méi sinn – an d’Hoer geroden. An de meeschte Fäll bleift et beim verbalen Austausch vun „Frëndlechkeeten“. Et gëtt gejaut, sech Schëmmel a Bless vernannt, bis een sech dann einfach aus de Féiss geet. Dat ass u sech d’Regel. Nach…

Et schéngt es wéi wa mir an enger Welt géife liewe wou et méi liicht ass mateneen ze streiden, wéi manéierlech mateneen ëmzegoen. Gestridde gëtt gären, ob elo an de Ëffentlechkeet, op der Aarbecht oder einfach doheem, hannert zouen Dieren. A wéi gesot, meeschtens bleift et bei Schnëssstécker.

Sech streide gehéiert also zu eiser DNA, an dat bësse Gestreits wier jo och net esou schlëmm. Gutt esou laang een sech duerno erëm verdréit, kann ech domatter liewen. An et soll der jo och ginn déi et brauchen. Bedauerlech awer ass an dësem Kontext d’Gewaltbereetschaft déi esou muenchereen beweist.

A wann een de Bléck duerch eis Medielandschaft schwiewe léisst, dann ass jo wéineg ze héieren. Ausser d’Police war op der Plaz, oder d’Police huet et selwer via Communiqué matgedeelt. Et ass also friddlech zu Lëtzebuerg. Esou op mannst den Uschäin, well d’Realitéit ass eng aner.

Op provozéiert oder just aus dem Kapp eraus, och am „friddleche“ Lëtzebuerg bleift et längst net méi bei der verbaler Ausenanersetzung. Do huet schonn emol schnell een deem aneren eng geprafft, an et sinn net ëmmer nëmmen d’Häre vun der Schëpfung déi openee lass ginn. Nee och bei den Dame kann sech de Chignon emol aus Form bruecht ginn.

Dat eng „gutt an d’Schnëss“ nach kengem sollt geschuet hunn, dat gesinn d’Dokteren an d’Infirmieren oder d’Ambulancieren dann awer nees anescht. An hei ass net riets vum bloen A, hei geet ëm richtege Kierperschued. Mam Messer ass schnell hantéiert, d’Hemmschwell rapid iwwerschratt.

Et kann ee wuel net all Sträit aus dem Wee goen. Et kann ee sécherlech och net ëmmer de braven, de coole sinn. Et sollt een sech awer ëmmer iwwert d’Konsequenzen am klore sinn. Dofir, looss de Knäip am Tirang vun der Kichen, do gehéiert en hin.

Du muss dee net mat an de Bistro oder op de Concert schleefen. Zudeem kann et kee gudde Grond ginn engem den Äschebecher op de Kapp ze schloen oder e Knëppel aus der nächst beschter Heck ze rappen, fir deem géinteniwwer e neie Scheed an d’Frisur ze drécken.

Also du, jo du deen engem Sträit gäre mat Hand a Fouss entgéint trëtt. Wann’s de deemnächst d’Haus verléiss, stell de einfach nëmmen eng Fro: „Wéi wäit bass de bereet ze goen ?“

Related topics Ausenanersetzung, Klepperei, Sträit
Next post Previous post