Search

You may also like

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!
Neiegkeeten

Musek fir jiddereen – ee soziale Pilotprojet zu Déifferdeng!

Gëschter ass am ale Stadhaus vun der Gemeng Déifferdeng de

Stanley Quinn: Experimentell Musek mat Häerzblutt!
Neiegkeeten

Stanley Quinn: Experimentell Musek mat Häerzblutt!

Musek ass fir hien net nëmmen eng Passioun, mee een

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet
Neiegkeeten

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

Beréngung um Faerschthaff: Den Eile ganz no

S.A.R. de Groussherzog ass, zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, op de Faerschthaff zu Contern invitéiert ginn, fir un der Beréngung vu Schleiereilen deelzehuelen. Dëse besonneschen Dag ass vir eis festgehale ginn.

Duerch säi groussen Interessi un der Natur an de Vullen, ass et dem Groussherzog ëmmer erëm eng Éier, den Déieren esou no kommen ze dierfen. Esou huet hie beispillsweis am Mee 2020 d’Beréngungsstatioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss besicht an iwwerhëlt och zënter 2008 déi héich Schiermherrschaft vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt.

Bei der Beréngung vu Vullen gëtt dorop opgepasst, datt d’Déiercher esou mann wéi méiglech Stress ausgesat ginn. D’Prozedur ass schnell, einfach an ouni Péng, hëlleft awer dobäi de Bestand an hir Beweegungen ze studéieren. Esou kënnen Ornithologen a Fuerscher d’Evolutioun vun de verschidde Spezies an hirem natierleche Liewensraum am A behalen.

Suerge bereet hinnen aktuell dat progressiivt Verschwanne vu Liewensraum a Méiglechkeete fir ze bréien. Domat geet och d’Populatioun zeréck. Laut enger Matdeelung vun 2019 zur Rouder Lëscht vun de bedreete Vullenaarten zu Lëtzebuerg, opgestallt vu verschidden Associatiounen, gehéiert d’Schleiereil mat deemools 100 bis 150 bréiende Koppelen zu de bedreeten Aarten.

Schold un dësem Réckgang wier ënnert anerem d’Vergitterung vu Kierchtierm, d’Verbarrikadéierung vun (Baueren)Haiser an hire Scheieren, sou wéi d’Verbaue vu Bongerten – alles Plazen, wou d’Schleiereil eigentlech hiert Nascht baue géif.

Ofschléissen duerften de Groussherzog an d’Ëmweltministesch dëse besonneschen Dag zu Mutfert, wou si jonk Uhuen ze gesi kruten. No 40 Joer ass de „Bubo“ zeréck zu Lëtzebuerg a gëtt duerch verschidde Schutzmoossname protegéiert. Och eng europäesch Direktiv soll fir den Erhalt vu wëllliewende Vullenaarte suergen.

An dësem Kader rode mir et Naturfrënn an interesséierte Persoune wäermstens un, d’Beréngungsstatioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss emol ze besichen. Hei gi reegelméisseg Visitten ugebueden.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Related topics Beréngung, Carole Dieschbourg, Contern, Faerschthaff, Jim Schmitz, Ornithologie, S.A.R. de Groussherzog Henri, Schlammwiss, Schleiereil, Uhu, Visitt
Next post Previous post