Search

You may also like

Covid19 Iwwersiicht
International Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Et sinn ustrengend Zäiten, déi eis vun der sanitärer Kris

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019
International Neiegkeeten

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol

Asperger ass net gläich Asperger!
International Neiegkeeten

Asperger ass net gläich Asperger!

„Du bass Asperger? Da bass de jo e Genie!“ oder

Bergkarabach: den onversécherte Fridden

Bergkarabach: den onversécherte Fridden

Nodeems et dem russeschen Zar Vladimir Putin schéngt gelongen ze sinn, de Konfliktparteien an der Regioun Bergkarabach – Armenien an Aserbaidschan – eng Waffepaus opzezwéngen, hunn d‘Bierger zu Eriwan d‘Parlament gestiermt. Si halen déi vu Russland vermëttelt Wafferou fir eng Kapitulatioun. A streng geholl, huet elo den Aserbaidschan nees d‘Kontroll iwwer Bergkarabach…

Déi vum armenesche Regierungschef Nikol Paschinjan an der fréie Moiesstonnen, ob Facebook verëffentlechten Erklärung, ass vun den Armenier net wierklech gutt opgeholl ginn. Hien hat hei erkläert, mam aserbaidschanesche President Ilham Alijew en Enn vun de Kämpf vereenbaart ze hunn, datt ënnert der Vermëttlung vu Moskau. Hie hat schonn do erkannt, datt et net einfach ass.

Eng sécherlech schmäerzhaft Entscheedung, fir hien an dat ganz armenescht Vollek, mee hien hätt sech d‘Entscheedung ne liicht gemaach, mee no entspriechender Analys wier et den eenzege Wee gewiescht. Iwwerwaacht gëtt dëse „Fridden“ vu Russland. De Nikol Paschinjan huet erkläert, datt Moskau ronn 2.000 Zaldoten zur Friddenssécherung ofgestallt huet. Déi sinn och schonn ënnerwee.

Zu wei engem Präis?

Wann d‘Armenier dësem „Fridden“ net esou zoustëmme wéi een sech dat aus der Distanz kéint wënschen, esou huet och dat seng Grënn. Armenien muss grouss territorial Zougeständnesser maachen. Esou soll den Aserbaidschan all déi Gebidder behalen dierfen, déi an de leschten Deeg a Wochen eruewert goufen. Also och déi zweetgréisste Stad vu Bergkarabach, d‘Stad Schuscha.

Ee vun der russescher Arméi iwwerwaachte Couloir soll Bergkarabach mat Armenien verknäppen. Dat ass an den Ae vu den Armenier eng Kapitulatioun. Zu Honnerten hunn se nach an der Nuecht an der Haaptstad Eriwan protestéiert. Et koum zum Stuerm op d‘Parlament, de Nikol Paschinjan ass als Verréider duergestallt ginn an et gouf och säi Récktrëtt verlaangt. Mee et geet ëm vill méi…

Hei geet et ëm d‘Fräiheet an d‘Selbstbestëmmung vun de Fraen a Männer aus der net unerkannter Republik Karabach. Net Armenien huet d‘Schluecht ëm Bergkarabach verluer, nee et sinn déi Leit, wou nom Néiergang vun der Sowjetunioun hiert eegent Liewen no eegene Virstellunge liewe wollten. Et ass hinnen, deen den Aserbaidschan mat Hëllef vun der Tierkei, de Besëtz entzitt.

Ee ganz schmuele Grat

Fir de President vu Bergkarabach, Araik Arutjunjan, ass d‘Lag och keng einfach. De 46 huet jo missen dësen Accord verdeedegen, Optioune gouf et och fir hie keng. Esou wéi d‘Truppe vu Baku, gestäipt vun erfuerene Syrien-Kämpfer, ënnerwee waren, hätt si viru Chrëschtdag déi ganz Regioun ageholl. Et wieren net nëmme méi Mënsche gestuerwen, mee et hätt een alles verluer.

Et ass dann och richteg, datt mat der Eruewerung vu Schuscha, eng aler Festungsstad, Baku d‘Wenn am Konflikt erbäigefouert huet. Schuscha läit zimmlech héich a bitt sech als Artilleriestellung un fir déi regional Haaptstad Stepanakert ze beschéissen. D‘Aserbaidschaner, fir déi Schuscha eng grouss kulturell Bedeitung huet, hunn d‘Eruewerung vun der Stad an de gewonnene Krich zelebréiert.

Bergkarabach

Wéi laang dëse Fridden hale kann, deen den Zar Vladimir Putin duerch geschéckt taktéiere konnt beim véierten Ulaf duerchsetzen? Dat dierft vill dovunner ofhänken, wéi gutt Baku déi vun der Tierkei zur Verfügung gestallte Söldner am Grëff huet. Sollt et zu Kämpf mat de sougenannte russesche „Friddenstruppe“ kommen, kéint et mat der Rou nees séier eriwwer sinn.

mat indymedia/mow

Related topics Annexioun, Araik Arutjunjan, Armenien, Aserbaidschan, Bergkarabach, Kapitulatioun, Russland, Tierkei, Vladimir Putin, Wafferou
Next post Previous post