Search

You may also like

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
International Neiegkeeten

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

Sea-Watch: 3 Froen un den Bord-Elektriker Emjay
International Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un den Bord-Elektriker Emjay

Den Emjay ass als Elektriker u Bord vun der Sea-Watch

Reservatioun vum Adapto: Eng nei App ab dem 1. September 2021
International Neiegkeeten

Reservatioun vum Adapto: Eng nei App ab dem 1. September 2021

Wéi d’Verwaltung vum ëffentlechen Transport matdeelt, wäert ab dem 1.

Bergkarabach: Dem Zar seng Warnung un d‘Armenier

Bergkarabach: Dem Zar seng Warnung un d‘Armenier

Iergendwéi hunn et d‘Russen déi lescht Woch hikritt, datt sech Aserbaidschan (déi gi vum Sultan aus Ankara ënnerstëtzt, dee grondsätzlech eppes géint Armenier huet), déi armenesch Regierung an esouguer de President vun der Republik Karabach, op ee Waffestëllstand verstännegt kruten.

Wann de generelle politesche Kontext domadder eigentlech kloer ofgestach ass, esou verhënnert dat net, datt d‘Armenier – déi jo historesch betruecht mat den Tierke kee Fridde geschloss hunn – als Vollek, de Waffestëllstand éischter als Kapitulatioun betruechten an entgéint der Regierung och net gewëllt schéngen, déi duerch de rezente Konflikt nei gezeechent Grenzen unzehuelen.

An esou ass et verständlech, datt d‘Oppositioun an Armenien net manner wei dem Nikol Paschinjan säi Récktrëtt als Regierungschef fuerdert. Dat mam erkläerten Zil, d‘Decisioun – bezunn op de Waffestëllstand – réckgängeg ze maachen. Generell ass et awer esou, datt d‘Armenier, déi der e puer gudder laanscht Bake kruten, militäresch dem Aserbaidschan näischt entgéintzesetzen hunn.

Net ze vergiessen, datt déi vu (bal) kengem Land op der Welt unerkannte Republik Karabach zwar ethnesch méi no un Armenien wéi dem Aserbaidschan ass, guer net d‘Méiglechkeet huet sech zur Wier ze setzen an och net wëll tëscht de béide Konfliktparteien zerriwwe ginn. Ankara a Baku hu Streemunitioun a Phosphor agesat, Kierchen, Schoulen a Spideeler geziilt ënner Beschoss geholl.

Eng bewaffent Ausenanersetzung wier fatal

De Vladimir Putin huet op der Staatstëlee d‘Annonce de Waffestëllstand ze briechen, verurteelt an der armenescher Oppositioun ze verstoe ginn, datt et Suizidär wier, sech op esou eppes anzeloossen. Hien huet nach emol d‘Positioun vun der russescher Regierung verdeedegt an ze verstoe ginn, datt déi ronn 2.000 russesch Zaldoten déi de Fridde schütze sollen, dat héchst sinn wat ze kréien ass…

Mat dëse „Friddenszaldoten“ gëtt zudeem séchergestallt, datt d‘Flüchtlingen zréck an hir Heemecht dierfen. Et wäert wuel keen an déi vum Aserbaidschan eruewert Stied/Dierfer zeréck wëllen, an och de Statut vu Bergkarabach bleift nach ofschléissend ze klären. De russesche President huet sengem Homolog aus Aserbaidschan, Ilham Alijew, och ze verstoe ginn, datt d‘Géigend him net gehéiert.

Et brauch dréngend eng Klärung. Ob Diskussioune bezunn op eng „Autonomie“ sënnvoll sinn? Wuel éischter net, firwat endlech sollten Neel mat Käpp gemaach ginn, a Bergkarabach als Land vun den Natiounen unzëerkennen ass. D‘Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) wëll maximal en Autonomiegebitt mat erweiderter Selbstbestëmmung zouloossen.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Sunyu / unsplash

Related topics Annexioun, Araik Arutjunjan, Armenien, Aserbaidschan, Bergkarabach, Kapitulatioun, Russland, Tierkei, Vladimir Putin, Wafferou
Next post Previous post