Search

You may also like

Positiv Signaler aus de mäerdereschen USA
International Neiegkeeten

Positiv Signaler aus de mäerdereschen USA

Si wëllen d‘Doudesstrof am US-Bundesstaat Virginia ofschafen, den Ex vum

Kontrolle vun der Pyrotechnik
International Neiegkeeten

Kontrolle vun der Pyrotechnik

Silvester kënnt ëmmer méi no. Pünktlech zum Fest kontrolléiert d’Inspektioun

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir
International Neiegkeeten

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir

Bezitt ee sech op d‘Prognosen, da sinn dem Justin Trudeau

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der CSU an déi verséinlech Kanzlerin vun der CDU, ënnert de Schwësterparteien ass domatter den Asylsträit bäigeluecht, zumindest fir den Ament. Et hänkt elo un der SPD, dem Koalitiounspartner. Déi muss de Kompromëss schliisslech och nach unhuelen, an hei gëtt nach e Sak voll Froen.

Iwwer Woche war sech gestridde ginn. E Sträit deen esouwäit gaangen ass, datt den Horst Seehofer domatter gedreet huet, zréckzetrieden. No Stonnelaange Gespréicher hunn d‘Angela Merkel an den Horst Seehofer dann elo nees zesummefonnt. De Kompromëss gesäit vir, datt een Transitzenter fir schonn an aner EU-Länner registréiert Flüchtlingen, op der däitsch-éisträichescher Grenz opriicht. Vun do aus kënnen d‘Demandeuren direkt an déi zoustänneg Länner zréckgeschéckt ginn.

E kloren Accord?

Géintiwwer de Medien, huet den Horst Seehofer vun engem „kloren Accord, wéi mir déi illegal Migratioun an Zukunft op der Grenz tëscht Éisträich an Däitschland verhënneren“ geschwat. Dës Entscheedung géif derzou bäidroen, datt hien am Amt bleift. Esou ass dann och op den éischte Bléck, déi grouss Koalitioun gerett ginn, mee alles ass nach net gekläert.

Op de Kompromëss tëscht den Uniounsparteien och vun de Sozialiste ka matgedroe gi muss een ofwaarden. Bis ewell huet de Juniorpartner begréisst, datt et zu enger Eenegung komm ass, mee dem Kompromëss nach net zougestëmmt. Hei géif et nach vill oppe Froe, heescht säitens dem Andrea Nahles, der neier Parteicheffin. An et ass gewosst, datt et bei der SPD intern, vill Géigner vum virgeluechten Text gëtt. Geschlosse Lager dierft et net ginn, seet de Juso-Chef Kevin Kühnert.

D‘Oppositioun reift sech d‘Hänn

Aus der Oppositioun eraus, huet „die Linke“ de Muechtkampf ënnert de Schwësterparteie mat „als peinlech“ nach frëndlech ëmschriwwen. P‘Parteileader Katja Kipping an Bernd Riexinger: „Nom Récktrëtt vum Récktrëtt belount d‘Bundeskanzlerin Merkel den Theater vun der CSU mat weideren Zougeständnesser a réckt d‘Politik nach eppes weider no Riets“.

Fir déi „die Grüne“ Cheffin Annalena Baerbock ass et schlicht domm, e Minister am Amt ze erhalen dee schonn erkläert huet keng Loscht méi ze hunn. „Keng Loscht d‘Zesummeliewen an dësem Land ze gestalten“, esou de Wuertlaut. Bei der AfD sinn déi vereenbaart Regele fir Transitzenter an d‘Zréckweisung op der Grenz net de grousse Worf. Den AfD-Parteichef Jörg Meuthen mengt esouguer, datt de Seehofer „vun der CDU nëmmen ongedeckt Checker erhalen huet“.

Op wat sech gëeenegt ginn ass

„Et ass vereenbaart, zu besserer Uerdnung, Steierung a Begrenzung vun der Sekundärmigratioun datt:

  • 1) Mir vereenbaren un der däitsch-éisträichescher Grenz e neie Grenzregim dee sécherstellt, datt mir Asyl-Demandeure fir där hir Dossieren aner EU-Länner zoustänneg sinn, un der Arees hënneren.
  • 2) Dofir riichte mir Transitzenter an, aus deenen den Demandeur direkt an déi zoustänneg Länner zréckgewise ginn (Zréckweisung op der Grondlag vun der Fiktioun enger Netarees). Dofir wëlle mir net onofgestëmmt handelen, mee mat de betraffene Länner e Verwaltungsofkommes schléissen oder de Beholl hierstellen.
  • 3) An deene Fäll, an deenen sech Länner dem Verwaltungsofkommes zur direkter Zréckweisung verweigeren, fënnt d‘Zréckweisung un der däitsch-éisträichescher Grenz op der Grondlag vun der Vereenbarung mat der Republik Éisträich statt“.

mat AFP

Foto: D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi vun hire Landsleit och gären emol „Mutti“ genannt gëtt, huet dann um Enn awer nees fäerdeg bruecht, de „Bier“ aus Bayern ze zähmen. Den Horst Seehofer schéngt dann och mam Kompromëss zefridden ze sinn. E Kompromëss, deen elo nach just vun de Sozialiste muss matgedroe ginn. © John MacDougall/AFP

Related topics Angela Merkel, GroKo, Horst Seehofer, Migratioun, Transitzenter
Next post Previous post