Search

You may also like

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS
International Neiegkeeten

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS

D’Representanten vu FEDAS Lëtzebuerg (Fédération des acteurs du secteur social

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no
International Neiegkeeten

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no

Mat der Reprise – oder sollt ee besser vun enger

money
Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung
International Neiegkeeten

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn,

Berlin: Schweige-Marsch vun de Masken- an Impfgéigner

Berlin: Schweige-Marsch vun de Masken- an Impfgéigner

Um Sonndeg hu sech d‘Géigner vun de Coronavirus-Moossnamen nees an der däitscher Haaptstad getraff, dës Kéier um Prenzlauer Berg. Si goufe vun engem massive Géigeprotest begleet a waren zu wesentlech manner Covidiote wéi déi 5.000 ugemellten. An awer gouf sech nees mat der Police ugeluecht, firwat vereenzelt Festname ginn huet.

Berlin

Laut den Autoritéite, déi ronn 600 Beamten zur Sécherung vun der Demonstratioun – an esou de Grondrechter déi angeblech beschnidde ginn – opgestallt haten, ware gëschter gutt 1.000 Leit bei dësem Schweige-Marsch. D‘Fuerderunge widderhuelen a gläichen sech:

  • Méi Selbstbestëmmung am Kampf géint d‘Pandemie;
  • manner Aschränkungen duerch staatlech Veruerdnungen;
  • de Verzicht op Impfungen.

Interessant awer och d‘Feststellung vun der Police, datt sech ëmmer méi Demonstranten un déi esou verhaasste Maskeflicht halen. Vill vun de Manifestanten déi keng Mask unhaten, hätten dofir en Attest virweise kënnen. Bei eenege besteet de Verdacht op Fälschung, firwat et vereenzelt wäert zu Poursuitte kommen. D‘Police stellt och fest, datt de Schweige-Marsch net „verschwigen“ war…

Laanscht den ugemellte Parcours stounge plazeweis vill Leit mat Kachdëppen an dem néidegen Accessoire fir drop ze schloen. Et konnt ee geleeëntlech d‘Opfuerderung „Nazis Raus“ héieren an vun de Balconen hu Banner Message wéi „Kloer denke statt queesch denken – Keng Plaz fir Corona-Leegner an Nazien“ presentéiert. D‘Géigebeweegung huet dann nach eng Sëtzblockad mat sech bruecht. Wéi d‘Police dës opléise wollt ass et zu Gerangel komm. Et wier begrenzt bliwwen.

Géint 15 Auer waren se dann all um Alexanderplatz ukomm, wou sech d‘Demonstratioun och no an no opgeléist huet. Änlech Appeller zur Demonstratioun hat et och an anere Stied ginn. Esou zu Cottbuss, déi mat ronn 300 Participanten den zweeten „Hotspot“ vum Dag war. Och déi hu sech un d‘Maskeflicht gehalen. Bleift nach emol ze betounen, datt d‘Diktatur an Däitschland nees ee ganzt Stéck weider an seng Grenze verwise gi ass, och wann een alles a säi Géigendeel behaapten dierf.

mat indymedia/ber

Foto: Dat mat Ofstand beschte Plakat zur Demo vum Prenzlauer Berg. © Tim Lüddemann (via Twitter)

Related topics Berlin, Coronavirus-Moossnamen, Däitschland, Demonstratioun, Diktatur, Impfgéigner, Maskeflicht
Next post Previous post