Search

You may also like

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden
International Neiegkeeten

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden

Am Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran gesäit alles dono aus,

Wanteraktioun um Findel: Den Ierfgroussherzog zu Besuch am Nuetsfoyer
International Neiegkeeten

Wanteraktioun um Findel: Den Ierfgroussherzog zu Besuch am Nuetsfoyer

Lescht Woch huet den Ierfgroussherzog Guillaume, zesumme mam Corinne Cahen,

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?
International Neiegkeeten

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Mee déi gutt Gestioun vun dëser sanitärer Kris fänkt un

Et wibbelt nees zu Berlin!

No engem méintelaangen Lockdown gouf et dann zur Erliichterung vun der Bevëlkerung endlech déi Lockerungen.

Et wibbelt nees zu Berlin!

Keng nei Corona-Doudeger an eng stabil Siwen-Dages-Inzidenz. D’Pandemie zu Berlin schéngt sech sou lues e bëssi ze berouegen. Mat 68,6 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner ënnerhalb enger Woch (Stand: 17. Mee) läit den Wäert däitlech ënnert der 100er-Grenz, bei där déi bekannten Bundesnotbremse erëm gräifen géif. Ma, gutt Neiegkeeten ginn et dann nawell e puer des Woch fir déi fräiheetsbegeeschtert Berliner.

Um Mëtternuecht fält déi ëmstridden Ausgangsspär ewech, bei där et tëscht 22:00 an 5:00 Auer, ouni valabele Grond, verbueden war seng Wunneng ze verloossen. Ausser natierlech et wollt een nach bis Mëtternuecht joggen goen, dat huet een dierfen. Och d’Muséeën, Ausstellungen an Gedenkstätten dierfen, nodeems se erëm hunn missten hir Dieren schléissen, endlech nees Visiteuren empfänken.

Natierlech gëllen nach ëmmer déi üblech Oofstandsreegelen an den Noweis vun engem negativen Covid-Test. Sou dierfen dann Operen, d’Theateren an d’Kinoen Evenementer ënner fräiem Himmel ubidden. Erlaabt sinn hei dann héchstens 250 Persounen. Sou hunn dann och schonn direkt déi éischt hier Terminer an geplangten Eventer mat Start op en Freideg online gesat, dorënner beispillsweis de Fräiloftkino am Rehberge Park.

Berlin
© Kelly Scholtes / moien.lu

Ma déi gréissten Freed kennt awer an enger ganz anerer Branche op, an zwar an der Gastronomie. Hei dierfen ab elo d’Terrassen erëm hir Bänken an Dëscher opriichten. Endlech ka jiddereen sech erëm en Dësch ënner fräiem Himmel reservéieren, deen en negativen Test virweist oder eng vollstänneg Impfung hannert sech huet.

E puer Gäscht kennen et awer nach net ganz ofwaarden an setzen elo schonn op der Terrasse vun engem italieneschen Restaurant zu Berlin-Charlottenburg: E puer grouss Plüsch-Teddyen hunn d’Plazen ageholl. Den Jong vum Besëtzer huet fonnt dat déi eidel Terrassen an Pandemiezäiten e bëssi Ofwiesslung kéinten verdroen. Ma sou munch een Passant geet mat engem Grinsen am Gesiicht laanscht.

Och kann een ab en Freideg erëm bëssi am Waasser puddelen. 11 Schwämmen maachen hier Dieren op. Dorënner d’Sommerbad Humboldhain, d’Strandbad Wannsee, d’Prinzenbad Kreuzberg an d’Sommerbad Pankow. Bis Mëtt Juni sollen dann och nach 14 Freibäder opmaachen. Natierlech kann een awer net den ganzen Dag sech am Waasser opweechen loossen, mee huet just fir eng bestëmmten Zäitfënster Zougang zur Piscine.

Opmaacherfotoe © Kelly Scholtes / moien.lu

Related topics Berlin, Fräiheet, Gastronomie, Impfung, Lockerungen, Musée, negativen Test, Ofstand, Pandemie, Schwämmen
Next post Previous post