Search

You may also like

Sandhurst Medal: Auszeechnung fir de Groussherzog an den Ierfgroussherzog
International Neiegkeeten

Sandhurst Medal: Auszeechnung fir de Groussherzog an den Ierfgroussherzog

Bei enger Audienz am groussherzogleche Palais huet S.E. John Marshall,

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss
International Neiegkeeten

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss

Et waren Emotiounen ze erkennen, mee et war ee siichtlech

Iwwerfuerdert a Midd
International Neiegkeeten

Iwwerfuerdert a Midd

Am Kontext vum Covid19-Depistage huet de Verband vun den Hausdokteren

Zu Berlin gëtt ëm d‘Flüchtlinge vu Moria gestridden

De Bundestag fuerdert méi Engagement, mee den Horst Seehofer wëll kee Remake vun 2015

Zu Berlin gëtt ëm d‘Flüchtlinge vu Moria gestridden

Am Reichstag zu Berlin konnt ee se fërmlech spieren… d‘Angscht ëm ee Flüchtlingssummer wéi Däitschland een 2015 war reell an de Bundesinneminister Horst Seehofer mengt et batter eescht, wann hien am Bundestag den Deputéierten ëm d‘Ouere gehäit „2015 dierf sech net widderhuelen“.

Mee esouguer aus den eegene chrëschtlech-konservative Reien – d‘Bibel gëtt zitéiert – a vum Koalitiounspartner SPD reent et u moraleschen Appeller. Die Linke an Die Grünen schwätze vu Schan an Onmënschlechkeet. D‘Fro vun enger grénger Deputéiert: „Ass dat wierklech alles wat mir maache kënnen?“, bezitt sech op déi 150 Mannerjäreger, déi de Mann aus Bayern ophuele wëll.

MoriaDen Debat war hefteg an deels ustrengend. Sécher kann Däitschland méi maachen a streng geholl maachen eis Noperen dat och Dag fir Dag. Esou sinn d‘Grenzen 2015 opbliwwen, wärend déi mécht aner EU-Partner hir Grenze verbarrikadéiert hunn. Ganz Legioune Benevoller engagéieren sech, hëllefe bei der Integratioun. Sécher, einfach ass dat alles net, mee et ass ze maachen…

CDU-Deputéierter hunn dem Bundesinneminister e Bréif geschriwwen, an deem si d‘Opnam vu 5.000 Flüchtlinge fir „mënschlech gebueden“ halen. D‘SPD verlaangt vum Horst Seehofer, datt dësen iwwert säin eegene Schied sprange soll. Et gouf och d‘Fro opgeworf: „Wat si schonn 13.000 Flüchtlingen ugesiichts 83 Milliounen Däitscher? Eng berechtegt Fro an dëser Situatioun.

D‘Gesetzer vun der Politik

Et geet dem Horst Seehofer awer net ëm Zuelen. Däitschland huet d‘EU-Presidence an ee vun den Themen an dëser Presidence ass et eng nei europäesch Asyl- a Migratiounspolitik op d‘Been ze stellen. An esou fuerdert de Bundesinneminister eng gesamteuropäesch Léisung. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt géif Däitschland sech op en Neits eleng zur Opnam duerchréngen, wier et engersäits dat falscht Signal an déi aner Länner geséiche guer kee Besoin sech mussen anzebréngen.

MoriaDatt eng Eenegung op EU-Niveau allerdéngs illusoresch ass, sollt och dem Horst Seehofer an der tëscht bekannt sinn. Zudeem dierf een dee latent bestoende Friemenhaass an Däitschland net aus den Ae verléieren. D‘AfD an alles sech hir „no“ fillt gëtt es sech net midd d‘Stëmmung géint dës Flüchtlingen opzehëtzen. Déi „Brong am Bundestag leeën dobäi awer net nëmmen de Fanger op de Wonne Punkt vu Migratioun an Zouwanderung mee stellen d‘Asylrecht grondsätzlech a Fro.

Moria

Laut der AfD an dem rietse Fligel vun der Unioun – déi sougenannte Wäerte-Unioun an der den Hans-Georg Maaßen säin Onwiesen dreift – handelt et sech bei de Flüchtlingen aus dem ofgebrannte Lager vu Moria ëm „Sozialtouristen“ déi hiren Dach iwwert dem Kapp ofgefackelt hunn an sech esou hiren Antrëtt an déi Europäesch Unioun erschläiche wëllen. Datt et ënnert dëse Mënschen Asylberechtegter gëtt, spillt bei dësen „Iwwerleeungen“ dann och absolutt keng Roll.

Ee Kompromëss? Ondenkbar

Die Linke fuerdert hirersäits d‘Opnam vun alle Flüchtlingen, verweist op d‘Bereetschaft vu vill Stied a Gemengen, mee och dat léisst sech esou net duerchsetzen. Eng vun de gréissten Hürden: d‘Kompromëssbereetschaft. Wou et fréier nach méiglech war sech op ee vernënftege Kompromëss ze verstännegen, huet den Ament kaum ee Politiker wëlles seng Carrière op d‘Spill ze setzen.

MoriaAn et gesäit een jo och, datt dat wat 2015 mat der Flüchtlingspolitik ugefaangen hat, gëtt haut am Kontext vun der Covid19-Pandemie nees zolidd ugefacht. An esou bleift den Horst Seehofer bei senger Propose: 150 onbegleete Mannerjäreger, méi ass fir hie beim beschte Wëllen net dran. Wat iwwert dëse Kontingent erausgeet, soll elo an enger Kommissioun diskutéiert an entscheet ginn.

Mee firwat léisst den Horst Seehofer d‘Länner, Stied a Gemengen net eegestänneg decidéieren? Laut dem §23 am Openthaltsgesetz dierfte Bundeslänner aus humanitäre Grënn Mënsche bei sech ophuelen. De Problem: et ass schonn ëmstridden, wéini ee vun „humanitäre Grënn“ schwätze kann. Esou verlaangt de Minister, datt de Schutzbedarf scho virun de Arees an d‘EU muss bestanen hunn.

MoriaDat heescht am Kloertext, datt dës Mënsche schonn hätte missen en unerkannte Grond gehat hunn, fir d‘Flucht aus hirer Heemecht ze ergräifen. Ob dat op vill Fäll bei de Mënsche vu Moria zoutrëfft léisst sech vun dëser Säit net behaapten oder noweisen. Kloer misst sinn, datt nom Feier am Lager den humanitäre Schutzbedarf net méi kann a Fro gestallt ginn, mee dat ass Athen säi Problem…

mat indymedia/ber

Foto: „Zu Moria, op der griichescher Insel Lesbos, mussen sech Kanner Tréinegas aus dem Gesiicht wäschen, dat d‘Police op se ofgeschoss huet. Wéi verkomm muss ee sinn, fir esou eppes ze maachen? Wat fir ee Lomp muss ee sinn, datt een net direkt all dës Mënschen aus der griichescher Hell hëlt?“, freet d‘ONG „Mission Lifeline“. © Mission Lifeline

Related topics Agäis, Bundestag, EU-Asylpolitik, Flüchtlingen, Friemenhaass, Griicheland, Horst Seehofer, Lesbos, Moria
Next post Previous post