Search

You may also like

Den Ordre de Mérite fir de Generol Eberhard Zorn
International Neiegkeeten

Den Ordre de Mérite fir de Generol Eberhard Zorn

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch dem Generol Eberhard Zorn,

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
International Neiegkeeten

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu

Algerien: den ale Mann huet d‘Handduch geworf
International Neiegkeeten

Algerien: den ale Mann huet d‘Handduch geworf

Hien hat et um Méindeg annoncéiert, ouni awer en Termäin

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem

Nom Besuch vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell zu Moskau, wou hie vu sengem russeschen Homolog net manner wéi déi direkt Fräiloossung vum Kremlkritiker Alexej Nawalny gefuerdert huet, waren Diplomaten, déi un de verbuedene Manifestatiounen deelgeholl hunn, ausgewise ginn.

Berlin huet dat net appreciéiert a schéckt sengersäits en Diplomat heem. Polen a Schweden (si ware jo och betraff) hunn et den däitschen nogemaach, an och russesch Diplomaten erausgehäit. Moskau huet sengersäits ee Méindeg nach emol d‘Ausweisung vun den Diplomaten erkläert. Et wier einfach net mam diplomatesche Status vereenbar, sech u verbuedenen Demonstratiounen ze bedeelegen.

Aus dem russeschen Ausseministère heescht et: „Déi russesch Säit huet däitlech gemaach, datt si net beabsichtegt, esou eppes ze dulden“. Dat auswäertegt Amt zu Berlin stellt sengersäits fest:

„Déi russesch Entscheedung zur Ausweisung vum däitschen Diplomat sinn a kengster Weis berechtegt. De betraffenen Diplomat war eenzeg senger am Wiener Accord iwwert diplomatesch Bezéiunge virgesinner Aufgab nokomm, sech mat rechtméissege Mëttel iwwert d‘Entwécklung op der Plaz ze informéieren“.

Elo ass et awer a Russland wéi an Däitschland: Recht hunn a Recht kréien, sinn en ënnerschiddlecht puer Schong. Zudeem gehéiert et sech esou, an et ass och net fir d‘Éischt, datt esou eppes tëscht de Russen an aneren Natioune geschitt. 2018 hat Washington 110 russesch Diplomate wéinst dem Gëftuschlag op de Skripal ausgewisen. Moskau hat dunn 60 US-Diplomaten heemgeschéckt…

mat indymedia/ber/mow

Illustratioun: © Erol Ahmed / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Däitschland, Diplomaten, Polen, Russland, Schweden
Next post Previous post