Search

You may also like

money
D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“
International Money Neiegkeeten

D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“

Wann de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ufänkt mat Bille gëtt et

Wou si mir mam Impfen drun?
International Money Neiegkeeten

Wou si mir mam Impfen drun?

D’Waardelëscht fir Persounen, déi wärend der 4. Phase vun der

De Gilles Baum ass den neien DP-Fraktiounspresident!
International Money Neiegkeeten

De Gilles Baum ass den neien DP-Fraktiounspresident!

D’DP-Fraktioun huet haut de Moien de Gilles Baum eestëmmeg als

money

Berlin hieft den Toun géint d’Automobilindustrie

An dat nëmme Méint virun de Wahlen

Berlin hieft den Toun géint d’Automobilindustrie

D’Häerzstéck vun der däitscher Wirtschaft schéngt sech et mat Berlin dës Kéier verschass ze hunn. Diskreditéiert duerch déi sëlleche Skandaler wéinst dem Verfälsche vun de Werter bei den Ofgaser vun den Diesel-Autoen, elo ee neie Virfall. Kartell-Bedruch! An dat e puer Méint virun de Bundestagswahlen.

D’Skandaler wéinst den Ofgaswäerter kann ee schonn net méi zielen: Um Donneschdeg dann de Réckruff vun engen 22.000 Porsche Cayenne Diesel an Europa. Déi waren och mat der Software equipéiert, déi während der Kontroll déi schiedlech Emissiounen no ënne korrigéiert.

Vum Barbara Hendricks, der Ëmweltministesch kommen dann och no der Entrevue mam Patron vu Volkswagen kloer Wieder: „En Deel vum Vertrauen, net nëmmen tëscht der Autosindustrie an dem Verbraucher, mee grad och tëscht der Autosindustrie an de verantwortleche Politiker ass zerstéiert ginn“.

Eng Ausso, déi am krasse Géigesaz zur traditioneller Haltung vun der Regierung géintiwwer dësem Schlësselsecteur vun der Industrie steet. Ëmmerhi gëllt dësen Industriesecteur als de gréisste Patron an Exportweltmeeschter.

Ze vill Vertrauen?

D’Ministesch aus der CDU/CSU-SPD Koalitiounsregierung wëll et dann och op de Punkt bréngen: „D’Proximitéit tëscht de verantwortleche Politiker an der Industrie war an der Vergaangenheet ze grouss. Dat huet dozou gefouert, datt déi sech a gewësser Hisiicht méi erlaabt hunn wéi gutt ass“. Hei muss gewosst sinn, datt d’Land Niedersachsen, Sëtz vu Volkswagen (Wolfsburg) Aktionär vum Grupp mat den 12 Marken ass.

Erstaunlech bleift de Constat, datt dës Haltung eréischt gutt zwee Joer nom Skandal vun 2015 ageholl gëtt. Deemools war de Grupp Volkswagen iwwerfouert ginn, an 11 Milliounen Diesel-Gefierer Fuddel-Software agebaut ze hunn. Dat mam eenzegen Zweck d’Autoe fir manner ëmweltschiedlech duerzestelle wéi se et tatsächlech sinn. Et war Volkswagen eng deier ginn, finanziell engersäits, groussen Imageverloscht anersäits.

Den Dominoeffekt

Mat der Entdeckung vun der Bedruch-Software bei Volkswagen huet eng Zort Dominoeffekt ginn. Déi ganz Branche ass a Verdacht geroden, a vill dovunner hunn sech bedauerlecherweis bestätegt. Dee leschten gëschter, wou den Transportministère de Réckruff vu ronn 22.000 Porsche Cayenne Diesel an Europa ugeuerdent huet.

Bei Versich war erausfonnt ginn, datt och déi Luxusautoe mat enger Software ausgerëscht sinn déi Afloss hëlt a gleewen deet, datt bei der Kontroll alles an der Rei ass. Am Stroossegebrauch gëtt de „System“ dann nees ausgeschalt. Déi betraffe Gefierer mussen elo zréck an d’Wierk an d’Software nei opgespillt ginn. Wat de Moment nach gebaut gëtt oder bei den Händler steet, dierf bis op Weideres net verkaf ginn.

Och den Transportminister Alexander Dobrindt (CSU) deen u sech eigentlech ëmmer d’Automobilindustrie verdeedegt, reagéiert besuergt. Hie geet dovunner aus, datt och den „Touareg“ Diesel vun dëser Fuddel-Affär betraff ass. An eigentlech muss een dovunner ausgoen, datt déi ganz Gamme vun den Diesel bedriwwene Gefierer vum „Problem“ betraff ass.

D’Lompe sténken

A verschiddene Länner, sinn d’Constructeuren elo an de Mëttelpunkt vun Enquête geréckelt. Deels ginn se carrement ugesicht a sinn opgefuerdert sech ze erklären. D’Suitte vun de stännege Skandaler sinn dann och bis ewell guer net méi ze ergräifen.

Schonn am Mäerz huet sech d’Kanzlerin Angela Merkel zu Berlin de Froe vun de Parlamentarier misse stellen. Déi wollten deemools wëssen op hir Regierung sech agemëscht hat, obwuel gewosst war, datt Volkswagen bei de Kontrollen zu den Emissioune gefuddelt hat. (© Tobias Schwarz/AFP)

Och d’Kanzlerin Angela Merkel, ëmmer bereet d’Interesse vun der däitscher Autosindustrie a China oder der EU ze verdeedegen, geet op Distanz. Dobäi huet si ëmmer alles an d’Wee geleet fir d’Ëmwelt-Contrainten, déi de Constructeuren um Mo geleeën hunn, ze entschäerfen. Déi sëlleg Skandaler erhéijen elo awer och den Drock op d’Kanzleramt.

Am geheimen

Mam „Spiegel“ vun haut hëlt den Drock op d’Merkel-Regierung nach e Krack zou. Aus dëser Zäitschrëft geet ervir, datt sech déi däitsch Autosindustrie iwwer 20 Joer laang ofgeschwat soll hunn. A geheime Verhandlunge sollen sech d’Constructeure, bezüglech techneschen Aspekter vun hiren Autoen ofgeschwat hunn.

Ofsproochen déi engersäits zum Nodeel vun de Clientë getraff goufen, mee och den Zouliwwerer d’Liewe schwéier gemaach hunn. Nieft dem grousse finanzielle Schued deen heimatter der Allgemengheet entstanen ass, sinn och nach d’Jalone gesat gi fir d’Gefuddels mat der Software.

Zwee Méint virun de Bundestagswahle vum 24. September huet dësen Dossier elo gréisste Prioritéit. D’Auswierkungen an dëser sensibeler Branche kann zum aktuellen Zäitpunkt keen ofschätzen. Eng haart Noss ass et awer allemol.

Zäit fir e Sommet

An d’Zaang geholl tëscht der Suerg Schued vun der Autosindustrie ofzeweisen – déi fir Däitschland liewenswichteg ass – an der Verflichtung géintiwwer der ëffentlecher Gesondheet, si Mesuren onëmgänglech. Als éischt Reaktioun hunn béid Minister d’Constructeuren zu engem „nationale Forum iwwer den Diesel“ agelueden. Dee soll schonn den 2. August stattfannen.

Et gëtt sech erhofft hei Léisungen ze fannen, déi zu enger Reduktioun vun den Emissioune soll féieren. Dat och mam Hannergrond, datt verschidde Stied driwwer nodenken den Diesel-Gefierer den Zoutrëtt ze verbidden. Bis elo just während den Deeg wou d’Ëmweltbelaaschtung héich ass. Gewosst ass awer och, datt d’Konsumente wéinst dem Gefuddels dem Diesel net méi vertrauen.

Zudeem huet d’Ëmweltministesch Gemengt, datt de Verbuet dee vun de Constructeure gefaart ass, duerchaus noutwenneg wier. Fir deem virzegräifen, hunn d’Hiersteller „fräiwëlleg“ Mesuren ergraff a Réckruffaktioune gestart. Op esou déi betraffen Autoe manner ëmweltschiedlech ginn, muss sech nach beweisen.

mam Estelle Peard/AFP

Foto: Am Moment d’Affer vum leschten Diesel-Skandal: De Porsche Cayenne. Dee war eng éischte Kéier ze gesinn um Genfer Autosalon, den 3. Mäerz 2009. De Luxusauto war als ee vun de proppersten duergestallt ginn. Wéi elo bekannt ginn ass, war dat just mat hëllef vu Software méiglech (© Fabbrice Coffrini/AFP)

Next post Previous post