Search

You may also like

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
International Kultur Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz
International Kultur Neiegkeeten

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz

Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg
International Kultur Neiegkeeten

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg

E Gidderzuch vun der Schwäizer BLS ass onwäit der Schwäizer

Berlinale 2021: Eng zweet Lëtzebuerger Koproduktioun gouf ausgewielt

... an e Wierk a virtueller Realitéit wäert um SXSW American Festival present sinn

Berlinale 2021: Eng zweet Lëtzebuerger Koproduktioun gouf ausgewielt

Et gëtt nawell spannend – Fir déi 71. Editioun vun der Berlinale ass eng Lëscht vun de Filmer verëffentlecht ginn, déi fir déi offiziell Competitioun an de Berlinale Special ausgewielt goufen. Mat dobäi ass och dem Radu Jude säi fiktive Spillfilm Bad Luck Banging or Loony Porn, eng Koproduktioun tëscht Rumänien, Lëtzebuerg, der tschechescher Republik a Kroatien.

Duerch d’Zesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Firma Paul Thiltges Distributions (Paul Thiltges an Adrien Chef) an de Philophon an Espera Productions Studioen gouf sech ëm Bild, Toun a Spezialeffekter gekëmmert.

Wéinst dem aktuelle Gesondheetsrisk gëtt d’Berlinale dëst Joer an zwou Etappen ofgehalen – D’Competitioun wäerten deelweis online am Mäerz stattfannen, ëffentlech Virstellunge gi méi spéit am Juni ofgehalen. Dat hänkt dovunner of, ob de Coronavirus dat zouléisst.

Eng international Jury wäert d’Filmer zu Berlin kucken, bewäerten an esou d’Präisser verginn. Den europäesche Filmmarché ass vun 1. bis de 5. Mäerz online. Déi Filmer déi gewonnen hunn, kritt de Public vum 9. Juni bis den 20. Juni am Kader vun engem speziellen Evenement presentéiert.

BerlinaleAus dem Film ‘Under the skin’ © Tarantula Luxembourg

Mam Mission Ulja Funk (Samsa Film) ass Lëtzebuerg dëst Joer mat zwee Filmer op der Berlinale vertrueden. Dobäi kënnt den interaktiven a virtuellen Dokumentarfilm Under the Skin, eng Koproduktioun vun Tarantula Luxembourg (Donato Rotunno). Regie huet de João Inada gefouert.

De Film ass an der Selektioun vum berühmten amerikanesche Festival fir Musek, Kino an interaktiv Konscht – dem South by Southwest (SXSW), dee vum 12. bis den 20 Mäerz zu Austin stattfënnt. Zousätzlech dozou gëtt vum 16. bis den 20. Mäerz eng Online-Versioun presentéiert.

Dës Koproduktioun tëscht Brasilien, Lëtzebuerg, China an Däitschland feiert beim Internationalen Dokumentarfilmfestival hier Weltpremière.

Opmaacherbild: Aus dem Spillfilm ‘Bad Luck Banging or Loony Porn’ © Silviu Ghetie for microFILM / Paul Thiltges Luxembourg

Related topics Bad Luck Banging or Loony Porn, Berlinale 2021, Espera Productions, Mission Ulja Funk, Paul Thiltges Distributions, Philophon Studio, Radu Jude, SXSW, Under the Skin
Next post Previous post