Search

You may also like

Editorial: Gutt, datt mir zu Lëtzebuerg keng aner Suergen hunn
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Gutt, datt mir zu Lëtzebuerg keng aner Suergen hunn

Um Dënschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel mat engem „freudianesche

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker
Meenung Neiegkeeten

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker

Am Dezember ass et erëm esouwäit. De 34ten Chaos Communication

Europäesch Grenzschutzagentur muss ausgebaut ginn
Meenung Neiegkeeten

Europäesch Grenzschutzagentur muss ausgebaut ginn

Beim Meeting vun den EU-Ambassadeuren zu Bréissel ass gëschter decidéiert

Si hunn nees ee Sondage bestallt (Analys)

Bertelsmann a Mediahuis spille mat der Kristallkugel a stellen d‘Sonndesfro

Si hunn nees ee Sondage bestallt (Analys)

Et geet op Chrëschtdag zou an et schéngt et géifen nees eppes gutt Nouvelle gebraucht, firwat sech déi zwee gréissten national Medienhaiser bei der TNS-Ilres nees e Sondage bestallt hunn. Dësen huet tëscht dem 10. an dem 24. November bei de Bierger ëm déi politesch Stëmmung am Land beméit.

Laut dem „Politmonitor – Sonndesfro“ sinn am genannten Zäitraum 1.879 Persounen (942 iwwer Festnetz, 395 via Handy an 542 Online) interviewt ginn. D‘Auswäertung ass vun der Entreprise „Kantar Public Deutschland“ gemaach ginn, déi enk mat der TNS-Ilres verknäppt ass. Vun dëser Entreprise hat de Spiegel 2018 kee schéint Bild gezeechent. Et war hei kloer vu Bedruch riets.

Dat emol fir aleedend op de Seriö an d‘Representativitéit vun dëser „Sonndesfro“ anzegoen. Zu de Resultater/Grafiken, déi am Link anzegesi sinn, muss een sech op dëser Plaz net äusseren, zum Zweck deen esou eng bestallten Ëmfro verfollegt schonn. Mediahuis (BE/NL) a Bertelsmann (DE) si Medien déi jo hir grouss Reechwäit och zur politescher Aflossnam ze notze wëssen.

Interessant bleift dann awer, datt obwuel vill Leit déi ganz Reegelen net méi kënnen novollzéien, Gewerkschaften an Acteure vun der Zivilgesellschaft sech un den Inkoherenze festhalen a ganz Wirtschaftssecteure bedreet sinn, der Regierung bescheinegt gëtt: „Alles richteg gemaach“. Dat kann een esou an de Raum stellen, an et ass richteg, datt et net um gudde Wëlle feelt.

Alles huet ee Sënn wann d‘Hannergrënn bekannt sinn

Wat also bezwecke Mediahuis a Bertelsmann mat dëser „Sonndesfro“? Sech mat de Mächtegen an de Wichtegen ze vereenen ass jo keng Sakgaass, weder fir Medien nach d‘Politik. A Medien hunn an der haiteger digitaliséierter Welt, deels méi politeschen Afloss wéi Politiker, Parteien an/oder politesch Programmer. Medie beaflossen déi politesch Meenungsbildung, och mat esou Sondagen.

Ob Mediahuis a Bertelsmann pro Impfstoff sinn, ergëtt sech aus der Berichterstattung op hiren diverse Supporten, an esou Pharmakonzerner si jo ganz wëllkomm Annonceuren. Et ass jo elo net, wéi wann een do keng Kontakter hätt. Et gëtt sech also ofgeschwat, an dat net eréischt säit et de Covid19 gëtt. Nee dat ass Business „as usual“ an esoulaang wéi keen d‘Konzept a Fro stellt…

An do ass een dann och um Punkt ukomm. A wéinegen Deeg sollen déi éischt Impfdosen am Land verfügbar sinn. Fir de Bierger ass dësen nach net direkt geduecht, hei brauch et Prioritéiten. Bis dat anert Joer awer, wäerte Vaccine bereet gehale ginn, an do ass immens wichteg, datt d‘Mënschen deen och unhuelen. An et ass d‘Politik déi hei muss d‘Promotioun vun der Impfung maachen.

Den Optrag: Vertrauen an d‘Regierung opbauen

Géif awer der Regierungsekipp net vertraut – besonnesch bezunn op den Duo Bettel – Lenert – hätt een et wuel vill méi schwéier Akzeptanz beim Vollek ze fannen. Dat weess och den Direkter vun TNS-Ilres, Luc Biever, deem säi Job primär doranner besteet Meenungen ze beaflossen, wéi dann ze analyséieren. Et huet jo „dobausse“ kaum een Anung a scho mol guer keng Zäit ze hannerfroen.

Esou géifen entspriechend dem virleiende Sondage, d‘CSV 2 Sëtz an déi lénk 1 Sëtz verléieren. Déi géifen un d‘LSAP an d‘ADR goen. Dat sinn elo keng weltbeweegend Verännerungen, an och déi wou de Sondage bestallt hunn wëssen, datt géif richteg gewielt, dat Ganzt nach just Makulatur wier. Wéi gesot, ganz esou eescht wéi dat vun den Optraggeber presentéiert gëtt, sollt een et net huelen.

Elo kann een déi hei gemaachten Duerstellung duerchaus och a Fro stellen, an et ass jo méiglech datt de Sondage a sech stëmmt. Zu gudder lescht wäert dat wuel eng Fro vum Standpunkt sinn, an esoulaang Walen nach an den Urnen an net de Sondagen entscheet ginn, kann et engem egal sinn.

Illustratioun: Tumisu / Pixabay

Related topics Bertelsmann, Luc Biever, Mediahuis, Politik, Sondage, Sonndesfro, TNS-Ilres
Next post Previous post