Search

You may also like

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin
Business Money Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin

Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché

Fënnef Parteie fir de Super Mario
Business Money Neiegkeeten

Fënnef Parteie fir de Super Mario

An Italien kommen se gutt virun. Wuel ass d‘Regierungskris nach

Studentevertriedung ACEL zitt de Bilan
Business Money Neiegkeeten

Studentevertriedung ACEL zitt de Bilan

An der Salariatskummer huet d‘ACEL e Freideg de Bilan vun

money

2020… fir Bertelsmann/RTL besser wéi erwaart

2020… fir Bertelsmann/RTL besser wéi erwaart

Beim Bilan vun der „RTL-Grupp“ dierft ee sech – och wann een ni genuch souere kann – zu Köln an um Kierchbierg gläichermoosse gefreet hunn. Dat berengegt Resultat virun Zënsen, Steieren an Ofschreiwungen, läit mat 850 Milliounen Euro däitlech iwwert de Prognosen.

Beim privat-ëffentlech-liberale Mediekonzern huet et wuel och zolidd Abousse bei de Reklamme ginn, déi d‘Ekippe vu Bertelsmann/RTL am leschte Quartal eenegermoossen zefriddestellend riicht béie konnten. Trotzdeem kann de Konzern net un d‘Resultat vun zejoert uknäppen, wou nach 1,16 Milliarden Euro erwirtschaft goufen.

Déi ganz Zuele wëll de Konzernchef Thomas Rabe den 12. Mäerz der Ëffentlechkeet virstellen. Vu groussen Ännerungen un den Uewe genannte Milliounen ass net auszegoen.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Bertelsmann, Betribsblann, Bilan 2020, Ëmsaz, RTL
Next post Previous post