Search

You may also like

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen
Money Neiegkeeten

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen

Beim nationale Verband vun der Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren (HORESCA)

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht
Money Neiegkeeten

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht

Vill US-Bundesstaaten haten se wuel nach, just ëmgesat hu si

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!
Money Neiegkeeten

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!

Haut huet d‘ONG „Save the Children“ déi international Communautéit virun

money

Bertelsmann/RTL: Finanziell Schiflag wéinst Covid19

Bertelsmann/RTL: Finanziell Schiflag wéinst Covid19

De gréissten europäesche Mediegrupp, deen aus gudde Grënn säi „Sëtz“ zu Lëtzebuerg huet, hofft op besser Zäiten, méi Geld vum Staat a eng Reprise vum Reklammegeschäft. Den éischte Semester war – wéi fir all Entreprisen/Konzerner – fir RTL-Group eppes duerchwuess, an déi däitsch Steier-Flüchtlinge woen et net méi eng Prognose fir 2020 op den Dësch ze leeën.

Et wier – esou de Communiqué – allerdéngs kloer, datt den RTL-Group esouwuel beim Ëmsaz, wéi och dem operative Resultat wäit hannert de Resultater vun 2019 wäert leien. Fir de CEO vu RTL, Thomas Rabe, schéngt awer den Ëmsaz bei de Reklammen nees an d‘Luucht ze goen. Wann sech dës Tendenz bestätegt, géif een hei awer nach ëmmer op e Verloscht vun 10% duergoen.

Fir dës gewote Prognos an d‘Realitéit ëmzesetzen, brauch et awer eng zolidd Verbesserung vun de Maartkonditiounen. Laut dem Mediekonzern waren am 2. Quartal 2020 d‘Zuelen ëm 40% agebrach wat schonn eng Hausnummer ass. Mee sinn elo awer och net déi eenzeg déi jéimeren, an dem lëtzebuergeschen Departement kann et egal sinn, si handele schliisslech a staatlechem Optrag.

Bezunn op de ganze Grupp, fält den Erléis am 1. Semester op 2,7 Milliarden Euro (-16%). Den Thomas Rabe, stellt fest, datt d‘Entreprise hir Marketingausgabe wéinst der Covid19-Pandemie zeréckgefuer hunn. Den EBITDA (Earnings Before Interest, Taxes, Depreciation and Amortization) ass am 1. Semester ëm gutt d‘Hallschent op 258 Milliounen Euro gefall.

Ënnert dem Stréch an de Gewënn vun den Undeelseegener ëm 75% op 94 Milliounen Euro zréck gaangen. Dank der finanzstaarker „Mamm“ Bertelsmann (där gehéiere 76% vun de Parten) géif RTL-Group awer genuch Liquiditéite verfügen, fir sech nees vun dësem Schock ze erhuelen. Et heescht dann och nach, datt et dem Konzern gelongen ass, trotz den Ëmstänn Scholden ofzebauen.

Illustratioun: © M.B.M. / unsplash

Related topics Aboussen, Bertelsmann, Covid19-Pandemie, EBITDA, RTL-Group
Next post Previous post