Search

You may also like

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin
Neiegkeeten

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin

De Christophe Édouard Dupin huet méi wéi eng Säit a

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun
Neiegkeeten

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Eigentlech wollt de britesche Krichsveteran fir säin 100. Gebuertsdag „just“

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen
Neiegkeeten

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

D’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) deelt mat, datt eng speziell

Beruffsverband vun de Journaliste setzt sech duerch

Beruffsverband vun de Journaliste setzt sech duerch

Nodeems aus ville Redaktiounen, an zuweilen och klenge Parteien, vill Reklamatiounen hat, well d‘Regierung op hirem YouTube-Kanal just „hir Informatioun“, am Kontext vu Pressekonferenzen, verëffentlecht huet, net awer d‘Froe-Äntwerte-Spill mat de Journalisten, hei mat abezunn huet, huet sech de Beruffsverband vun de Journalisten (ALJP) agemëscht.

Dat anscheinend mat zimmlechem Erfolleg, well mëttels engem Communiqué léist d‘ALJP wëssen, datt no hirer Interventioun bei der Regierung an dem staatleche Presseinformatiounsdéngscht (SIP), entscheet ginn ass, zukünfteg all d‘Pressekonferenzen (wann se dann opgeholl ginn) an hirer ganzer Versioun – also ongeschnidden – op all hire Kanäl ze verëffentlechen.

Mat dëser erfëllter ALJP-Fuerderung, gëtt d‘Pressefräiheet zu Lëtzebuerg nees gestäerkt an och d‘Bierger profitéiere vun dëser Transparenz. De Beruffsverband hat sengersäits argumentéiert, datt sech jo ëm d‘Pressekonferenze vun der Regierung geet, an dës géintiwwer der Bevëlkerung jo och Rechenschaftsflichteg ass. Et ass jo och am Sënn vun Transparenz an dem Informatiounszougang.

Et dierft der Regierung awer net wierklech „schwéier“ gefall sinn, de Fuerderunge vun der ALJP entsprach ze hunn. Zumindest zwou vun de Regierungsparteien, kënnen sech op „Parteiorganer“ beruffen. Et wuel net esou datt nees „eng Hand déi aner wäscht“, an et gëtt jo net wierklech gutt Argumenter, mat deenen een dës Zensur kéint verdeedegen. Gutt, d‘Haaptsaach ass, et leeft…

Illustratioun: © Szabo Viktor / unsplash

Related topics ALJP, Beruffsverband vun de Journalisten, Pressefräiheet, Presseinformatioun, Regierung, SIP
Next post Previous post