Search

You may also like

money
USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat
Neiegkeeten

USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat

D‘USA a China leien sech an den Hoer an eng

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland
Neiegkeeten

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker

Den Aarbechtsminister Dan Kersch schléisst sech der Revendicatioun vum Syvicol un

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker

Virun net ganzer véierzéng Deeg hat de Syndikat vun de Stied a Gemengen (Syvicol) an senger ëffentlecher Sëtzung drop higewisen, datt ee Buergermeeschter seng Aarbechtsplaz verluer huet. Eng Moossnam déi zum erschrecke vum Syvicol-President Emile Eicher och vëlleg legal ass. Et huet sech allerdéngs zu Lëtzebuerg och ni een d‘Fro gestallt…

An dësem Kontext huet de Syvicol dann och monéiert, datt Lokalpolitiker net ausräichend vum Aarbechtsrecht geschützt géifen, an ee Patron praktesch an d‘Politik agräife kann. Doranner sinn d‘Noperen, iwwert déi sech jo soss gäre lëschteg gemaach gëtt, ee ganzt Stéck besser. Esou ass d‘Fuerderung vum Syvicol, bei eis och esou ee Schutzmechanissem anzeféiere gerechtfäerdegt.

Gefuerdert gëtt méi genee de Beschäftegungsschutz fir der gewielte Lokalpolitiker dee politesche Congé zougestane kritt huet. An dat gefällegst fir déi ganz Dauer vum Mandat. Schonn den 11. November hat et an dësem Zesummenhang eng Entrevue mat der Inneministesch Taina Bofferding ginn. Doriwwer eraus huet de Syvicol och en Aarbechtsgrupp agesat, fir Proposen auszeschaffen.

Um 19. November war dëse Virfall da Géigestand vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber. Gutt déi huet sech wuel méi konkret op d‘Entloossung vun 71 Mediahuis-Mataarbechter (Fréier St.Paul) bezunn, woubäi de Buergermeeschter, ëm deen et dem Syvicol-President geet, ee vun dësen ass an den Aarbechtsminister Dan Kersch schéngt do éischter den Avis vum Emile Eicher ze deelen.

Juristescht Neiland

Datt et elo och just den neie Besëtzer vun der Bistumszeitung ass – an dee wäert jo d‘Legislatioun a senger Heemecht kennen – wou sech esou eng erlaabt, weist däitlech op eng Betribsstrategie hinn, déi d‘Land wuel nach länger dierft beschäftegen. Juristesch awer, esou emol eng gewote Prognos, ass de Licenciement duerchaus vertrietbar. Kloer kann een esou eng Decisioun ufechten, mee…

Et ass jo kaum domadder gedoen, datt den Dan Kersch a senger Funktioun als Aarbechtsminister d‘Fuerderunge vum Syvicol deelt a stäipt. Et kann och domadder gedoe sinn, an der Chamber drop hinzeweisen, datt d‘Validitéit vun dëser Entloossung vum Aarbechtsgeriicht muss gepréift ginn. Dat muss sech jo u bestoend Texter halen, an eben déi schützen de Lokalpolitiker net virum Rausworf.

An dësem Fall da awer vu Provokatioun ze schwätzen, ass och nees eppes gewot. Dat géif jo awer viraussetzen, datt dee wou de „Choix“ getraff huet dëse Mediahuis-Mataarbechter ze entloossen, jo ganz bewosst engem Lokalpolitiker de Stecker zéie wollt. Dat wier awer ze beweisen, wann een de Riichter wëll en Unhaltspunkt ginn, mat deem de Licenciement nach ze verhënnere wier…

Illustratioun: Harut Movsisyan / Pixabay

Related topics Buergermeeschter, Conseiller, Emile Eicher, Kommunalpolitik, Schäffen, Schutz, Statut, Syvicol
Next post Previous post