Search

You may also like

60. Nationalkongress vum LCGB
Neiegkeeten

60. Nationalkongress vum LCGB

Zanter iwwert engem Joerzéngt erlieft den LCGB eng grondleeënd Erneierung.

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!
Neiegkeeten

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!

D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an

Demokrate gewanne Bezierkswahlen zu Hong Kong
Neiegkeeten

Demokrate gewanne Bezierkswahlen zu Hong Kong

Rekordbedeelegung a massiv Zoustëmmung fir déi demokratesch Kandidaten, huet zu

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn

Informatiounsowend um 22. Januar

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn

Wann Holz laangfristeg regional genotzt gi soll, da mussen och d’Bëscher naturgeméiss bewirtschaft ginn. Dofir musse Proprietäre vu Bëscher genuch Grondkenntnisser iwwert déi verschidde Prozesser kréien, sou datt eng nohalteg Notzung méiglech, a gläichzäiteg de Schutz vu wäertvolle Biotope geséchert gëtt.

Besonnesch am klenge Privatbësch feelt et awer oft u fachgerechtem Wëssen. Aus dësem Grond wëll den Natur- & Geopark Mëllerdall, zesumme mat Lëtzebuerger Privatbësch sensibiliséieren an informéieren. Duerch de Bëschführerschäin 2020 gewënnt de Proprietär net nëmmen u Wëssen, mee kritt och nach d’Méiglechkeet eegestänneg Initiativen zur nohalteger Bewirtschaftung vu senge Bëscher ze ergräifen.

Bëschführerschäin

Nei Dynamik an der Bewirtschaftung

D’Formatioun riicht sech besonnesch u kleng Bëschbesëtzer an déi, déi Interessi um Bësch hunn, eréischt viru kuerzem Bëschterrain kaaft hunn oder och iwwerleeën, dëse Schrëtt anzegoen. Natierlech sinn och Al Huese gäre gesinn.

De Bëschführerschäin 2020 besteet aus enger Serie vun 9 Evenementer. Kleng Seminairen am Sall, sou wéi Excursiounen an de Bësch, déi onofhängeg vuneneen absolvéiert kënne ginn, stinn um Programm. Fir schonn emol een éischten Abléck ze kréien, gëtt um Mëttwoch, den 22. Januar 2020 um 19:30 een Informatiounsowend am Centre Culturel Larochette (19, rue de Medernach) organiséiert.

Interesséiert Persoune sollen sech beim Lëtzebuerger Privatbësch umellen iwwert den 89 95 65 10 oder secretariat@privatbesch.lu.

Related topics Bëschführerschäin, Bewirtschaftung, Formatioun, Informatiounsowend, Naturpark Mëllerdall, Privatbësch, Seminaire, Wëssen
Next post Previous post