Search

You may also like

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis
Neiegkeeten

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis

Fir déi grouss Talentshow „The Voice“ déi zënter Abrëll 2011

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
Neiegkeeten

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt,

Méi Unerkennung an der Musekspedagogie: Wéi ginn d’Dozente elo aklasséiert?
Neiegkeeten

Méi Unerkennung an der Musekspedagogie: Wéi ginn d’Dozente elo aklasséiert?

De 15. Juli 2021 hu sech d’Inneministesch Taina Bofferding, den

Ze héich NO2-Wäerter: Fir eng besser Loftqualitéit zu Lëtzebuerg

Ze héich NO2-Wäerter: Fir eng besser Loftqualitéit zu Lëtzebuerg

Fir de kritesche Wäerter u Stéckstoffdioxid (NO2) an der Loft vu Lëtzebuerg entgéint ze wierken, ass den nationale Plang vun der Loftqualitéit (PNQA) entwéckelt ginn. Dëse gouf gëschter vum Regierungsrot ugeholl, wat et der Ministesch Carole Dieschbourg erméiglecht, d’Strategie der Europäescher Kommissioun ze iwwermëttelen. D’Initiativen an der Vergaangenheet konnten d’Situatioun net wierklech verbesseren.

Besonnesch op siwe Plazen am Land, an dat no u grousse Verkéiersachsen, hunn d’NO2-Wäerter d’Limitt vu 40 µg/m3 iwwerschratt. Fir d’Regierung ass dat de Beweis, dat grad de Stroosseverkéier de Schëllege bei der schlechter Loftqualitéit ass.

Aus dësem Grond ass mam PNQA geplangt op europäeschem Niveau den Euro-Norme bei Gefierer gerecht ze ginn. Hei um Terrain heescht et d’Multimodalitéit an elektresch Gefierer ze fërderen, et hinzekréien datt den Trafic méi flësseg leeft, ze informéieren an ze sensibiliséieren.

Ma, eng ëffentlech Consultatioun sollt dozou bäidroen ze gesinn, ob et Awänn a berechtegt Kritik gëtt. Generell gouf et awer groussen Zousproch. Mam Delai um 13. Mäerz 2021 huet d’Ëmweltverwaltung 20 Avisen gezielt, dovunner 9 aus de Gemengen Klierf, Dippech, Diddeleng, Gréiwemaacher, Lëtzebuerg, Réiser, Schëtter, Walfer a Wolz, eng vum Mouvement Écologique an der Elterevereenegung vun der Europaschoul, wéi och 9 Stéck vu Privatpersounen.

Dobäi sinn 11 Avisen iwwert déi national Plattform vun den ëffentlechen Enquêten erakomm, 8 per Mail zougeschéckt ginn an een an der Bréifkëscht gelant. Den Ëmweltministère ënnersträicht, datt verschidden Avisen net d’Thema behandelt hunn an deemno net berécksiichtegt konnte ginn. Allerdéngs konnt een am Kapitel 7.2.10 e Punkt upassen: Am Kader vum Klimapakt soll eng verstäerkt Sensibiliséierung erfollegen.

Elo bleift ofzewaarden, wat d’Kommissioun vum nationale Plang vun der Loftqualitéit hält.

Opmaacherbild: © Engin Akyurt / Unsplash

Related topics Avis, Carole Dieschbourg, Ëffentlech Consultatioun, Ëmweltministère, Europäesch Kommissioun, nationale Plang vun der Loftqualitéit, NO2, PNQA, Stéckstoffdioxid
Next post Previous post