Search

You may also like

Alkohol um Steier: Se léieren et ni
International Neiegkeeten Stories

Alkohol um Steier: Se léieren et ni

An der Nuecht koum et op der Kräizung vun der

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet
International Neiegkeeten Stories

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien
International Neiegkeeten Stories

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien

Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem

Vläicht wier et besser sech ze trennen (Analys)

Polnescht Verfassungsgeriicht erkläert divers europäesch Gesetzer fir Verfassungswiddereg

Vläicht wier et besser sech ze trennen (Analys)

Et war schonn éischter eng gutt Entscheedung vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen, beim grousse Familljentreffen zu Ljubliana, de Bäitrëtt vun de sechs westleche Balkanlänner nach eppes auszesetzen, a sech virzehuelen emol d‘Problemer tëscht de 27 eng Léisung zouzeféieren.

Zu de Problemer gehéieren zweiwelsfräi d‘Memberlänner Ungarn a Polen, déi Rechtsstaatlechkeet a Pressefräiheet fir iwwerbewäert halen. Warschau huet am Kontext vu senger antieuropäescher Innepolitik elo nach eng drop geluecht, an déi jéngst Entscheedung vum Verfassungsgeriicht, dierft den Dissens tëscht der EU-Kommissioun zu Bréissel an der polnescher Regierung weider unhëtzen.

Wourëms geet et an dësem „neie“ Sträit? Entspriechend de polnesche Verfassungsriichter, géifen e puer EU-Bestëmmungen an Urteeler vum europäesche Geriichtshaff (EuGH) géint polnescht Recht verstoussen. D‘Riichter: „De Versuch vum EuGH sech an dat polnescht Justizwiesen anzemësche verstéisst géint d‘Reegel vum Virrang vun der Verfassung an géit d‘Reegel, datt d‘Souveränitéit am Prozess vun europäescher Integratioun bewoort bleift“.

Eppes méi prezis ass et an dësem Verfaren drëms gaangen ze iwwerpréiwen, ob d‘Bestëmmungen aus den EU-Verträg – mat deenen sech d‘EU-Kommissioun op ee Matsproocherecht bei de Froen zur Rechtsstaatlechkeet bannent de Memberlänner berifft – an Aklang mat der gülteger polnescher Verfassung stinn. Ugeuerdent gouf dësen Exercice vum Regierungschef Mateusz Morawiecki.

Polen

Dësen huet vun de héchste Juristen am Land verlaangt, d‘Urteel vun EuGH vum 2. Mäerz nach emol op de Leescht huelen. An dësem Urteel hat den EuGH zu Lëtzebuerg statuéiert, datt EU-Recht Memberlänner zwénge kann, eenzel Virschrëften ausser Uecht ze loossen, esouguer da wann et sech ëm Verfassungsrecht handelt. Am Fong geet awer dem Mateusz Morawiecki drëms seng ëmstridde Justizreform, trotz Géigewier vu Bréissel duerchzesetzen.

Ee bestallten Urteel

Fir déi nationalkonservativ an liicht faschistoid ugehauchte PiS (Partei fir Recht a Justiz) ass et imminent wichteg dee juristeschen Auswee ze fannen, deen et dëser Regierung net nëmme soll erméiglechen hir Muecht an esou och d‘Zukunft ofzesécheren, mee och verhënnert, datt den EuGH Deeler vun der (nach) ëmstriddener Justizreform kann ophiewen. Mee ganz esou einfach ass et net.

Wéinst de vun der PiS ageleete Reformen, huet et zanter 2017 zolidd Sträit an et sinn direkt eng ganz Rei vu Verfare géint Polen, beim EuGH unhängeg. Den EuGH stellt d‘Onofhängegkeet vun de Riichter vum ieweschte Geriichtshaff a Fro, also genee deenen Hären, déi festgestallt hunn, datt nationaalt Recht iwwer EU-Recht steet. Datt déi Virsëtzend Riichterin, Julia Przylebska, eng enk Vertraute vum PiS-Boss Jaroslaw Kaczynski ass, bitt awer Raum fir Spekulatiounen.

Dës éierewäert Juristin stellt fest: „D‘Organer vun der Europäescher Unioun iwwerschreiden hire Kompetenzberäich, déi hinne vu Polen zouerkannt ginn“. Esou steet et dann och am Urteel, woubäi d‘Argument ass net nei, well ëmmer wann sech Polen net un EU-Entscheedunge gehalen huet, gouf genee dës Rhetorik genotzt. Elo kënnen awer net Polen a Bréissel gläichermoossen am Recht sinn.

Vun der EU-Kommissioun heescht et weiderhin: „EU-Recht steet iwwer nationalem Recht, an all d‘Urteeler vum EuGH si fir d‘Memberlänner bannent“. Et kënnt elo aslo zur Iwwerpréiwung vun dësem polneschen Urteel. Zu Bréissel huet jo de Belsch Didier Reynders, dësen Dossier an Hänn, konnt sech dann awer gëschter och net derzou hiräisse loossen, eppes zu méigleche Reaktioune vun der Kommissioun ze soen. Déi awer brauch et hei schonn.

Wat dovunner ze halen ass

D‘Urteel vun den (onofhängege) Riichter vum polnesche Verfassungsgeriicht um Donneschdeg ass nawell eng zolidd Erausfuerderung fir eist europäescht Staatebündnis. Eigentlech versteet sech dës aus 27 Länner bestoend Unioun als Rechtsgemeinschaft mat gemeinsame Verträg an eben dem EuGH, där Institutioun wou als Wiechter vun den europäesche Verträg agesat ginn ass. Gutt dat war iert déi populistesch vun der Kierch gestäipte PiS um Rudder war.

Mee och déi der PiS engersäits, der Kierch an der Regierung anersäits, ënnerwerfeg Riichter vum Verfassungsgeriicht sollten sech net kënnen iwwert d‘Grondprinzipie vun der Unioun dierfen ewechsetzen. Et ass nu emol esou vereenbaart ginn, datt EU-Recht ëmmer iwwer nationalem Recht steet, an dat natierelch och dann, wann sech EU-Verträg net mat der nationaler Verfassung verdroen.

Dat ass wichteg, besonnesch da wann d‘Unioun als rechtlecht a supranationaalt Instrument soll genotzt ginn. Ouni de Konsens doriwwer, datt EU-Recht d‘Prioritéit huet, geet sech dat net op. Et ass d‘Fundament vun der EU, a Polen ass elo och net dat éischt Land, dat dës Prioriséierung hei a Fro stellt. Woubäi den Dossier Polen net „juristesch“ mee eng kloer „politesch“ Ausriichtung huet.

Net ze Vergiessen – an och dat dierft op d‘Urteel vum polnesche Verfassungsgeriicht Afloss gehat hunn – datt géint Polen dat sougenannt „Artikel-7-Verfaren“ ageleet ass. Geet dëst Verfaren zu Ongonschte vu Warschau aus, verléiert Polen d‘Stëmmrecht am EU-Rot… also streng theoretesch, well dat wäert net antrieden, firwat de Mateusz Morawiecki och éischter net beandrockt ass, an et eigentlech gutt wier, wann ee Polen einfach kéint erausgeheien.

Dës Méiglechkeet haten d‘Pappe vun der EU net mat agebaut, an esou wäert deen eenzegen Hiewel, deen d‘EU-Kommissioun usetze kann, d‘Verdeele vum Goss sinn. Et gëtt kaum Länner déi esou maximal vum Bréisseler Geldseege profitéieren, wéi déi Länner wou d‘Unioun am heftegste mat Kritik a Problemer belaaschten. Zu deem wat Warschau „regulär“ iwwerwise kritt, soll et nach eng sougenannt Covid19-Opbauhëllef an Héicht vun 58 Milliarde ginn…

Aus verständleche Grënn awer, hält d‘EU-Kommissioun dëst Geld zeréck an et kann nach eppes méi schlëmm ginn. Wann sech Bréissel géif a wuel och sollt duerchgeronge kréien, den neie Rechtsstaatmechanissem – de steet jo an direkter Verbindung mam Fric aus dem EU-Haushalt – anzesetzen, kéint en eventuell d‘PiS-Partei ermonteren et de britteschen Tories gläich ze maachen, an einfach ze kucke selwer eens ze ginn, Russland géif sech eng Boss laachen…

mat indymedia/waw/bru

Illustratioun: © Proriat Hospitality / unsplash

Annex: European Commission reaffirms the primacy of EU law

Related topics EU-Recht, EUGH, Justiz, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Verfassungsgeriicht, Warschau
Next post Previous post