Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht
Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht
Op mannst 29 Kanner si bei engem Loftschlag, wou hire
Elo waart d‘Welt da gespaant op den Donald Trump, dee Steieren an héicht vu 25% fir de Stol, an 10% fir den Aluminium sollt festleeën. Dat bréngt natierlech Reaktiounen ervir.
„Mir bedaueren ausdrécklech dës amerikanesch Entscheedung“, esou d‘Reaktioun vum Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident. „Am Plaz eng Léisung erbäizeféieren, kann dës Entscheedung d‘Situatioun nëmme verschlëmmeren“, warnt den EU-Kommissiounspresident an engem Communiqué. „Mir wäerten net mat gekräizten Ärem do sëtzen, während eis Industrie vun ongerechte Mesure getraff gëtt“.
„D‘EU wäert esou séier wéi nëmme méiglech Berodungen, zur Klärung vun den Differenze mat den USA, zu Genf aberuffen“, esou d‘EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström, déi als éischt Optioun Gespréicher um Sëtz vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) gesäit.
„All Tarif oder Quot déi eiser kanadescher Stol- an Aluminiumindustrie operluecht géif ginn, ass inakzeptabel“, esou um Donneschdeg de kanadesche Minister fir internationalen Handel, François Philippe Champagne. Kanada ass net nëmmen den Noper vun den USA, mee och säin éischte Fournisseur am Beräich Stol an Aluminium.
Zudeem ass ee bei der kanadescher Regierung verwonnert, iwwert eng Decisioun, déi virun allem amerikaneschen Industriellen dierft schueden. „D‘USA verzeechnen en Iwwerschoss vun 2 Milliarden US-Dollar am Stolhandel mam Kanada“, ënnersträicht hirersäits d‘Ausseministesch Chrystia Freeland.
De nordamerikanesche Verband vun de Gewerkschaften aus dem Stolsecteur „United Steelworkers“ (USW) dee naturgeméiss haaptsächlech a Nordamerika a Kanada aktiv ass, verlaangt dann och net manner, wéi dat d‘Stol- an Aluminiumproduzenten aus Kanada vun dëser Mesure ausgeholl ginn.
„Et ass däitlech, datt de Kanada kee vun dëse schlechten Acteuren ass, déi an den ongerechten Handel an den Dumping vum Stol an dem Aluminium a Richtung USA, verwéckelt sinn“, betount d‘Gewerkschaft.
D‘Patronatsvertriedung aus dem Stolsecteur „Stahl“ huet sech och déi vum Trump prekoniséiert Mesuren ugekuckt, a ass zum Schluss komm, datt déi de WTO-Reegele widderspriechen. Hei gëtt dann och massiv op eng Interventioun säitens der EU gedrängt.
„Wann Europa hei net reagéiert, muss eis Siderurgie d‘Rechnung vum amerikanesche Protektionismus bezuelen“, warnt via Communiqué den Hans Jürgen Kerkhoff, President vun der „Stahl“.
„Mir waren däitlech genuch, fir datt gewosst ass, datt mir besonnesch beonrouegt sinn, géintiwwer all Mesure déi Konsequenze fir eise Stolsecteur an Aluminiumindustrie a Groussbritannien kéint hunn“, esou de Communiqué vun der britescher Ambassade zu Washington. Et gëtt dann awer drop higewisen, datt ee mat den Amerikaner am Gespréich ass.
mat AFP