Search

You may also like

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm
Neiegkeeten

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm

Si hunn sech e gewënscht an och dofir gekämpft: de

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer
Neiegkeeten

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer

Kaum ze gleewen, mee dem John Ronald Reuel Tolkien säi

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil
Neiegkeeten

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de

D’Stader Buergermeeschtesch op Besuch am Bambësch

D’Stader Buergermeeschtesch op Besuch am Bambësch

En Donneschdeg 12. August hunn d’Buergermeeschtesch vun der Stad an d’Madamm Colette Mart, zoustänneg Schäffin am Beräich vun der Educatioun, dem Bambësch eng Visite ofgestatt.

Déi flott Aktioun Bambësch gëtt all Joer vum „Centre d’animation pédagogique et de loisirs“ (CAPEL) organiséiert. D’Aktioun ass am Joer 1973 an d’Liewe geruff ginn, zanter 40 Joren heeschen si Stater Kanner tëscht 5 an 12 Joer wëllkomm. Zuelräich Aktivitéiten, Animatiounen sou wéi en ofwiesslungsräiche Programm suerge fir en onvergiesslecht Erliefnis.

Dobäi gëtt anengems d’Gruppeliewe gefërdert. Dës weideren zielt d’Aktioun Bambësch op d’Entwécklung an d’Entfalung vun de Kanner of – ënnert anerem duerch Spiller am Fräien, lëschteg, kreativ oder sportlech Aktivitéiten, Spadséiergäng an Theateraktivitéiten.

Dëst Joer hunn déi léierräich Aktivitéite vum 19. Juli bis den 13. August stattfonnt, natierlech ënnert der Berécksiichtegung vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen an Aschränkungen am Zesummenhang mam Covid19-Virus. Et konnte 627 Kanner (op 7 ënnerschiddleche Plazen an der Stad) un de flotten Aktivitéiten deelhuelen.

Bei hirem Besuch hunn d’Lydie Polfer an d’Colette Mart de Projet „Villa Argila“ méi no kenneléieren. Bei dësem dréit sech alles ëm den Toun. Duerch spilleresch a pedagogesch Workshoppe konnten d’Kanner hirer Fantasie fräie Laf loossen, sech entfalen. Och den Teamgeescht ass gefërdert ginn. Fir Skulpturen aus Toun hierzestellen, waren d’Kanner op d’Hëllef vun hire Kolleegen ugewisen. Si hunn missen zesummeschaffen. Dës weideren haten si d’Méiglechkeet kléng Géigestänn aus Toun ze formen, se ze molen oder einfach mat de Materialien ze experimentéieren.

Wärend den Aktivitéite ginn d’Kanner vu CAPEL-Absolventen a speziell ausgebilten Animateure betreit. Dës stinn ënnert der Opsiicht vu CAPEL-Pedagogen.

Foto: © Marc Betzen / VDL

Related topics Bambësch, CAPEL, Colette Mart, Lydie Polfer, Villa Argila
Next post Previous post