Search

You may also like

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet
Neiegkeeten

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet

Et muss ee laange Samschdeg vir déi politesch Sensibilitéit ADR

Vulkan Whakaari ausgebrach
Neiegkeeten

Vulkan Whakaari ausgebrach

De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter

Wa se schaffen… da looss se schaffen
Neiegkeeten

Wa se schaffen… da looss se schaffen

Wie ma sengem Auto an d‘Stad fiert a mengt et

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn

Am Januar war et zu Wolz zu enger „Bezéiungsdot“ komm, e Kand gouf hei déidlech blesséiert

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn

Et war den 2. Januar 15.10 Auer, wéi ee Mann vu 47 Joer mat voller Absicht säi Gefier en e Grupp vun Damme gesteiert huet, déi mat hire Kanner an enger Kannerkutsch um Trottoir an der Avenue Groussherzogin Charlotte ënnerwee waren. Fënnef Persoune goufen deels schwéier blesséiert an fir e Bouf vun 2 Joer koum all Hëllef ze spéit.

Éischt Erkenntnisser vum Parquet hunn erginn, datt et sech beim Chauffeur ëm de Liewensgefäerte vun enger vun den Damme gehandelt huet. De Personnage, dee säin eegent Kand ëmbruecht huet, gouf folgerichteg an de Prisong gefouert an de Parquet huet eng Enquête fir Mord a versichte Mord ageleet. Bal e Joer no der Dot deelt de Parquet mat, datt d‘Ermëttlungen esouwäit ofgeschloss sinn.

Vum Parquet huet et ee Freideg am Nomëtteg geheescht, datt déi ageleeten Enquête an de nächste Méint sollt ofgeschloss ginn. War et ee Familljendrama? Déi Fro gouf net mat dësem Communiqué beäntwert. Gewosst ass awer, datt eng Dosen Expertise vum Untersuchungsriichter ugeuerdent gi waren, eng Expertise ass nach net ofgeschloss. De Mann ass nach ëmmer an Untersuchungshaft.

Illustratioun: Owensart / Pixabay

Related topics Bezéiungsdrama, Enquête, Untersuchungshaft, Untersuchungsriichter, Wolz
Next post Previous post