Search

You may also like

Aktivitéitsbericht vun der Police fir 2020
Meenung Neiegkeeten

Aktivitéitsbericht vun der Police fir 2020

Den Aktivitéitsbericht vun der groussherzoglecher Police fir 2020 ass verëffentlecht.

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)
Meenung Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et duerch d’Aarbechten fir den neie

Wat huet awer Idioten…
Meenung Neiegkeeten

Wat huet awer Idioten…

Nodeems d‘Police gemellt huet, datt et tëscht gëschter Owend an

Däischter Wolleken iwwer Biarritz (Kommentar)

Däischter Wolleken iwwer Biarritz (Kommentar)

Dierf de Groussherzog mat senger Famill a sengem Domizil zu Biarritz d‘Feierdeeg verbréngen, oder mussen si sech am Land ophalen – a falls „jo“ a wéi enger Residenz? Oder geet et eventuell wierklech just ëm de „gudde Beispill“?

Vill Froen déi eist Land splécken an op déi et ënnert den aktuellen Ëmstänn keng zefriddestellend Äntwert ka ginn. Et ass scho villen anere Perséinlechkeete virgeworf ginn, sech „anerwäerts“ opzehalen, wärend déi normal Leit sech un Oplagen ze halen hunn an doheem bleiwe mussen. Also éischter missten, well et hält sech jo leider net jiddereen un d‘Virgaben.

A wärend et da Leit gëtt, déi sech zu Recht oder Onrecht iwwert den Openthalt vun der Monarchie zu Biarritz streiden, gi séier ee puer kleng awer bedeitend Detailer iwwersinn. Esou verbitt dat bestoend Covid19-Gesetz keng Reesen an d‘Ausland, firwat et an dësem Fall schonn iwwerzunn ass, der groussherzoglecher Koppel hei ee Verstouss géint bestoend Gesetzer ze ënnerstellen.

Elo kann ee gutt halen, datt grad déi groussherzoglech Koppel sollt mam gudde Beispill virgoen. Och dat ass net esou einfach, wéi vill et gären hätten. Zum engen ass gewosst, datt sech eis Groussherzogin déi meeschten Zäit zu Paräis ophält. Zum anere stellt sech d‘Fro wou genee si sech da sollten iwwert d‘Feierdeeg ophalen?

Et dierf och drop higewise ginn, datt sech déi groussherzoglech Koppel laang virum Vott vum Gesetz, also virun Akraafttriede vum Gesetz an hirer Residenz zu Biarritz opgehalen hunn. Dat géif bedeiten, datt si also hätte missen zeréckkommen, fir dem Wonsch vun engem Deel vum Vollek ze entspriechen. Dës Reegel misst dann awer fir all Lëtzebuerger gëllen, oder?

Wéi gesot… et si grad keng einfach Zäiten an de Covid19 dréckt jidderengem op d‘Gemitt. Et ass och erlaabt mat der Monarchie seng Problemer ze hunn an et dierf ee sech d‘Fro stellen, op een esou eppes nach brauch. En Dissens, begrënnt duerch den Openthaltsuert dee kenge Reegele widdersprécht, auszeléisen, mam Zil den Haff an Diskredit ze zéien, ass net ziilféierend.

Illustratioun: © Thanh Nguyen / unsplash

Related topics Biarritz, Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, Groussherzoglech Koppel, Vakanz
Next post Previous post