Luxemburgensia: Bicher, déi ech net vergiesse kann

Et huet Jore gedauert, bis datt ech mol matkritt hunn, datt mir Lëtzebuerger och wonnerbar Literatur schreiwe kënnen. Ewéi ech bis op de Goût komm sinn, hunn ech Luxemburgensia verschlongen. Ma ech muss zouginn, datt ech eis Auteuren e bëssen vernoléissegt hunn.

Et gëtt nees Zäit, Bicher aus der Heemecht ze liesen. Op jiddwer Fall si mir dës, e bësse méi al Bicher a gudder Erënnerung bliwwen. Si hunn mech motivéiert, ech hu mech méi mat menger Mammesprooch beschäftegt.

Jhemp Hoscheit: Klangfaarwen (Editions Guy Binsfeld)

Dëst Buch ass net nëmme fir ze liesen, et ass ee Genoss fir d’Oueren. Schonn als klengt Kand, war de Michel Sicher, d’Geräischer hunn him Angscht gemaach, mä mat der Zäit huet hien ugefaangen se ze sammelen, et si seng Frënn, wann net souguer seng Verbündet ginn. D’Geräischer hunn en ni am Stach gelooss, am Géigesaz zu de Mënschen.

Elo, als erwuessene Mann, huet hien déi néideg Distanz fir verschidden Erliefnisser nach eemol Revue passéieren ze loossen. Seng Geschicht beréiert ee ganz vill. De Michel ass elo op der Sich no Äntwerten, d’Rätsel ëm seng Kandheet a säi Papp muss endlech geléist ginn, soss fënnt hien keng Rou. Schrëtt fir Schrëtt kënnt hien der Léisung méi no, seng al Frënn d’Geräischer spillen dobäi eng wichteg Roll. D’Erzielung vum Här Hoscheit ass esou intensiv, dass d’Geschicht u sech scho bal zur Niewesaach gëtt. All Wuert, all Geräisch, all Erënnerung ass esou genau beschriwwen, dass een d’Biller, a souguer d’Geräischer ganz genee viru sech huet. Ganz grousse Kino, dat ass ee Genoss. Héiert et selwer!

Jay Schiltz: Aschengänger (Editions Guy Binsfeld)

Wann een d’Noriichten regelméisseg verfollegt, kritt een Angscht. Politik, Krich, Mënschefeindlechkeet a ganz vill aner Themen bestëmmen eis d’Liewen. Aschengänger, dës philosophesch Erzielung iwwert Ausschwitz soll, nee muss, als Erënnerung gelies ginn. Wann engem déi fuerchtbar Noriichten Dag fir Dag net duerginn, fir sou munches z’iwwerdenken, da kann dës Geschicht engem och als Warnung déngen …

D’Buch ass mat senge knapp honnert Säiten relativ kuerz, mä ech fannen dat geet och duer. All Saz beréiert zudéifst, dëst trauregt Stéck Geschicht däerf a soll sech net widderhuelen, et sinn zevill onschëlleg Leit gestuerwen. Mamme, Pappen, Bridder, Schwësteren, Mënschen wéi Du an ech. Ech géif et souguer ganz gutt fannen, wann een och an de Schoule vum Jacob Aschengänger géing erzielen. Och wann d’Geschicht u sech fiktiv ass, sou fillt sech dat net sou un, et mécht keen Ënnerscheed, well genee esou ass et geschitt. Aner Nimm, aner Persounen op deenen selwesche Plazen, dat ass leider eng Tatsaach. An eisem Interet hoffen ech, dass mir eppes aus dëser Vergaangenheet geléiert hunn.

Gast Grober: De Griss (op der Lay)

Am Gast Groeber sengem Jugendbuch léiere mir de Griss an eng Grupp Kanner kennen. Sozial Isolatioun, den Duerfbeschass, Akzeptanz an Toleranz spillen an dëser Geschicht eng grouss Roll! D’Luss a seng Frënn hunn eng Kartongshütt am Griss sengem Gaart a klauen Äppel vu senge Beem. Duerch ee Wiederongléck verléieren d’Kanner d’Hütt, et kënnt zu engem zaarten, éischte Kontakt mat deem ale Kauz. Si wëssen, wat am Duerf iwwert hien geschwat gëtt, mä d’Kanner hu Courage an hieren eegene Kapp. Si wëllen de Griss kenneléieren, a sech een eegent Bild vun him maachen. Dat erstaunt net nëmmen d’Kanner, mä och de Lieser. Hien ass nämlech net esou, wéi eis dat vum Duerf, vun den Erwuessene vermëttelt gëtt. Seng Geschichten iwwert Australien erfreeën d’Kanner, regelméisseg treffe si sech bei him, fir méi gewuer ze ginn. Mä beemol huet den alen Här net méi esou vill Zäit, an de Kanner eppes wichteges matzedeelen …

Wat dat wuel ass? Wat eis de Griss léiert? Et ass een ni ze al, fir seng Zukunft nees an de Grapp ze huelen, a fir säi Gléck ze kämpfen.

Huelt Iech ee Beispill un him!

Tullio Forgiarini: Lizardqueen (Editions Guy Binsfeld)

Frënn vu makabere Geschichten a schwaarzem Humor sollen dëst Buch onbedéngt liesen, eisen Haaptpersonnage ass nämlech dout. Awer sou richteg. Ewéi wann dat net genuch wier, heescht d’Mona mat Nonumm Biblisch, duerch säi Fräidout ass nach net entscheed, wou hatt seng lescht Rou fënnt. Fënnt hatt se iwwerhapt? Op der Sich no Äntwerten an éiwegem Fridden begéint hatt allerlee komësche Gestalten, an net jiddereen ass him frëndlech gesënnt. Entscheedunge gi getraff an himmlesch Frëndschafte geschloss. Dem Mona säi Kampf tëscht Himmel an Hell ass wierklech speziell an näischt fir schwaach Nerven, et kéint ee beim Liesen nämlech deem een, oder aneren Zombie begéinen …

Wann Dir schonn eng Virstellung vu Gott hutt, gëtt se no dësem Buch iwwert de Koup geheit. Näischt ass esou wéi et schéngt. Réckblécker vum Mona weisen dem Lieser, firwat hatt sech fir de Fräidout entscheed huet, hatt hat et wierklech net einfach a sengem kuerze Liewen. Lizardqueen ass dat éischte Buch, wat den Här Forgiarini op Lëtzebuergesch geschriwwen huet, villäischt léisst sech d’Buch dofir och ganz einfach liesen. Iwwert eng Verfilmung géif ech mech freeën! An ech si mir sécher, net nëmmen ech.

Dernières nouvelles