Search

You may also like

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass
Kultur Neiegkeeten

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass

Bei der UN-Versammlung um 7. Juli 2017 zu New York

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32

Et war batter Kal gëschter um Terrain zu Beetebuerg, an

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)
Kultur Neiegkeeten

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

am Park vum Literaturarchiv zu Miersch

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de Summer mat der Literatur – Auteure liesen aus hire neiste Publikatiounen an ënnerhalen sech mat Kritiker iwwert hir Texter – dat Ganzt am agreabele Kader vum Park vum Servais-Haus.

De Programm

  • 11:00 Auer Roland Harsch: Dat grousst Féissbuch (Editions Binsfeld)
  • 11:25 Auer Gespréich mam Sascha Dahm
  • 11:45 Auer Tom Reisen: Les Bulles (Hydre Editions)
  • 12:10 Auer Gespréich mam Bea Kneip (RTL)
  • 12:30 Auer Mëttespaus
  • 13:30 Auer Claudine Muno: Sou wéi et net war (Op der Lay)
  • 13:55 Auer Gespréich mam Valerija Berdi (Radio 100,7)
  • 14:15 Auer Jean-Marc Lantz: Magnetosaurus Nostalgodon (capybarabooks)
  • 14:40 Auer Gespréich mam Sascha Dahm
  • 15:00 Auer Anouk Mahr: lautlos (Editions Binsfeld)
  • 15:25 Auer Gespréich mam Nathalie Bender (Radio 100,7)
  • 15:45 Auer Anja Di Bartolomeo: Nicht zu spät (Op der Lay)
  • 16:10 Auer Gespréich mam Valerija Berdi (Radio 100,7)

Weider Informatiounen

Dat literarescht Evenement gëtt um kommende Sonndeg, de 7. Juli 2019 organiséiert. Ab 11:00 Auer ka sech all interesséiert Persoun am Park vum CNL zu Miersch treffen fir gratis deelzehuelen. Fir Iessen an Drénke suergen d’Food Riders. D’Librairie Ernster ass mat engem Bicherdësch fir Iech do.

Related topics CNL, Librairie Ernster, Literatur, Miersch, Summerdag
Next post Previous post