Search

You may also like

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
Kultur Neiegkeeten

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft

Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“
Kultur Neiegkeeten

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“

Wann et ee Verkéiersmëttel gëtt, dat am Corona-Summer am Mëttelpunkt

GEWËNNSPILL European Hillrace 2019
Kultur Neiegkeeten

GEWËNNSPILL European Hillrace 2019

  Fir den EUROPEAN HILLRACE 2019 zu Eschduerf verlouse mir

E puer Bicherproposen fir d’Feierdeeg

E puer Bicherproposen fir d’Feierdeeg

Chrëschtdag a Silvester si Fester, deen der vill mat gemëschte Gefiller géigeniwwer stinn. All Joer op en neits, ëmmer erëm. Eigentlech gëtt mat der Famill an/oder Frënn gefeiert, um Mëtternuecht gëtt mat enger Coupe op dat neit Joer ugestouss. Mee dës Kéier mécht de Coronavirus eis e Stréch duerch d’Rechnung.

Mir musse sozial Kontakter evitéieren, de Familljebesuch ass onméiglech an duerch d’Spärstonn bleift déi grouss Feier aus, vu Freedefeier muss een och net schwätzen. Eis Déierefrënn wäerte sech freeën!.

Mee soll een elo zum Feierdags-Muffel mutéieren? Um Kanapee d’Ravioli aus der Béchs iessen oder awer den Dësch awer festlech rëschten? Dat ass nawell eng gutt Fro a leider weess och ech net déi richteg Äntwert drop.

Ech kann Iech e puer Bicher proposéieren, déi Iech den Dag e bësse verséissen – a keng Angscht, de Kevin loossen mir Doheem. Bei verschiddene Bicher bleift keen Aen dréchen, Kräischen ass wichteg. Genéisst d’Geschicht a loosst den Frust an den Drock eraus. Dir wäert gesinn, dono fillt Dir Iech besser.

Die letzten Tage von Rabbit Hayes vum Anna McPartlin

Stell dir vir, du hues nëmmen néng Deeg Zäit. Néng Deeg fir iwwert d’Granzegkeet vun denger Mamm ze laachen. Fir d’Hand vun dengem Papp ze halen. Néng Deeg fir denger Duechter Äddi ze soen, déi nach net weess, datt s de goen muss.

Mam Rabbit goung en trauregt Buch zu Enn – an dunn koum onverhofft eng Fortsetzung. Et war een erëm Deel vun dëser geckeger Famill. Vill huet sech gedoen.

Bicherproposen

Für einen Sommer unsterblich vum Jennifer Niven

D’Elteren trennen sech an d’Claude ass verluer. Et ass Buch wou jonk Mënschen an där Situatioun brauchen. E Buch zu Theme wéi Famill, Sex a sech selwer fannen. Schreift Äert Liewen!

Bicherproposen

Wie die Ruhe vor dem Sturm an Wie die Stille vor dem Fall vum Brittainy C. Cherry

Dem Brittainy C. Cherry hannerloossen ëmmer ganz grouss Emotiounen a mir. D’Autorin ka wonnerbar mat Wierder jongléieren, all Buch hannerléisst eng déif Rou a mir. Ech hunn gelaacht, gekrasch, ech war traureg a glécklech.

Bicherproposen



Ech ginn Iech nach e leschten Tipp – leet d’Nuesschnappecher prett op d’Säit. A Schockela, vill Schockela, dat ass eis Nervennahrung fir d’Séil. Genéisst d’Bicher, Säit fir Säit!

Opmaacherbild: © Nick Hillier / Unsplash

Related topics Bicherproposen, Chrëschtdag, Die letzten Tage von Rabbit Hayes vum Anna McPartlin, Feierdeeg, Für einen Sommer unsterblich vum Jennifer Niven, Liesen, Literatur, Roman, Wie die Stille vor dem Fall vum Brittainy C. Cherry
Next post Previous post