Search

You may also like

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik

Virun engem Joer war e Concert ouni Mask an néidege

Police: Schützt iech an der Vakanz virun Abriecher
International Neiegkeeten

Police: Schützt iech an der Vakanz virun Abriecher

Wann et dëst Joer wéinst dem Coronavirus Covid19 sécherlech manner

D‘Ried vum LCGB-President zum 1. Mee
International Neiegkeeten

D‘Ried vum LCGB-President zum 1. Mee

Léif Kolleeginnen an Kolleegen, Ech begréissen Iech zu dësem 2. digitalen

Knapps ass de Biden vereedegt, gëtt grouss Politik gemaach

Ob Klimaofkommes, Migratioun, Mauerbau, Rassismus an natierlech d‘Pandemie, et rullt

Knapps ass de Biden vereedegt, gëtt grouss Politik gemaach

No der grousser Show – et geet jo an der Politik och ëmmer eppes ëm „Brout & Spiller“ – an der Vereedegung vum Joe Biden an dem Kamala Harris, huet sech den neien „Leader vun der Fräier Welt“ direkt un d‘Aarbecht gemaach. Interessant: och hie brauch fir all Ënnerschrëft ee neie Bic. Vläicht sollten se am Wäissen Haus e Fournisseur huelen dee Qualitéit liwwert…

Dat festgestallt, dierf drop higewise ginn, datt den 78 järegen US-President a senger Untrëttsried betount hat, datt d‘USA hir Bündnisser wäerte flécken an nees mat der Welt zesummegeschafft wäert ginn. Woubäi och d‘Demokraten eng ganz eegen Definitioun fir „Zesummenaarbecht“ hunn. Egal, de 46. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika, huet éischt Dekreter ënnerschriwwen.

Esou huet de Joe Biden domadder ugefaangen, d‘USA nees an d‘Paräisser Klimaofkommes zréck ze féieren. Laut der UNO, kéinten d‘USA ab dem 19. Februar nees Deel vum Ofkommes sinn, wat wuel eng éischter gutt Nouvelle wier, wann et iergendengem vun de Signatairen dann och eescht gemengt wier, endlech Moossname géint de Klimawandel a fir den Naturschutz ze ergräifen.

Biden© Joe Biden Inaugural Committee

Gestoppt ass elo och den Austrëtt aus der WHO, déi bekanntlech vun de Chinesen a Microsoft geleet gëtt. Den Immunolog Anthony Fauci, soll d‘USA bannent der WHO schonn déi aner Woch Donneschdeg bei der Sëtzung zu Genève vertrieden. An dësem Kontext ass gewosst, dat den 78. järegen US-President méi strikt Reegelen zur Bekämpfung vum Covid19 an- an ëmsetze wëll.

Dat awer geet leider just op federalem Niveau: staatlech Verwaltungen, den ëffentlechen Transport inklusiv Fliger… Et gouf informéiert, datt an de nächsten Deeg nach weider Mesure sollen derbäi kommen, den Detail géif zäitno matgedeelt. D‘Areesverbuet aus gewësse moslemesche Länner ass opgehuewen, an ee Gesetzprojet vir d‘Regulariséierung vun den „Illegalen“ ass och ënnerwee.

Geld fir déi „grouss Mauer“ un der mexikanescher Grenz gëtt et och keent méi, an anscheinend soll et elo och zu engem méi „éierlechem Austausch“ mat de Journaliste kommen. Et gouf och gesot, datt een nees den deegleche Pressebriefing wëll ophuelen. Dat mat der verspracher Transparenz muss sech nach erginn, mee esou schlecht wéi ënnert dem Donald Trump kann et onméiglech sinn.

Related topics 46. US-President, Joe Biden, Kamala Harris, Nei Weltuerdnung, USA
Next post Previous post