Search

You may also like

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
Neiegkeeten

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

Babysitter Léiergang 2020
Neiegkeeten

Babysitter Léiergang 2020

Am Laf vum Mount Oktober, huet d‘Gemeng Schëffleng an enker

Privat Sécherheetsdéngschter op der Stater Gare
Neiegkeeten

Privat Sécherheetsdéngschter op der Stater Gare

D’ADR huet ëmmer nees op déi schlecht Sécherheetssituatioun op ville

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech ee Summer ouni „Waasser“ einfach net virstelle kënnen, huet et gutt Nouvellen. D‘Schwämm „Bieder vum Park“ (gutt offiziell gëtt et hei nëmmen eng franséisch Bezeechnung „Les Bains du Parc“) mécht ab dem 1. Juli seng Dieren nees op.

An dat bescht, dës wierklech flott Schwämm, mat Rutschbunn a Baussenareal, esou wéi enger flotter Brasserie, déi och de Gurmangen ënnert eis d‘Häerz héije schloe léist, ass dann duerchgoend op. Et heescht sech wuel enger Rei Obligatiounen unzehuelen, mee dat kenne mir jo elo an do dierft kee Problem entstoen. Mat eppes Disziplin gëtt engem de Spaass net versalzt.

Wien sech elo freet, firwat dann nach bal ee Mount gewaart gëtt, muss sech kee Kapp maachen, et huet eng esou einfach wéi absolut verständlech Erklärung. Normalerweis, also esou zumindest ass et all déi Jore virdrun esou gehandhaabt ginn, ass ëmmer am Summer den Entretien vun der Anlag gemaach ginn. Dat gëtt elo an den nächsten dräi Woche gemaach.

Säitens de Gemeng, wou vill Ustrengungen ënnerholl goufe fir dat alles méiglech ze maachen, heescht et, datt D‘Reouverture sech nëmmen am Respekt mat de sanitäre Mesure – déi vun der Regierung festgeluecht ginn – realiséiere léist. Well d‘Situatioun awer weiderhin „evolutiv“ ass, wäert et punktuell zu Upassunge kommen.

Iwwert all dës Virgaben, déi anzehale sinn, ginn d‘Visiteuren ëmmer zäitno informéiert. D‘Reegele ginn dann och op der Plaz verständlech ausgehaangen. D‘Gemeng wier frou, wann déi am Sënn vum Zesummenhalt géife respektéiert ginn. Wann sech d‘Waasserraten an d‘Frënn vun der Sonn anstänneg behuelen, dann ass dëse Summer gerett.

Iluustratioun: © Les Bains du Parc / Gemeng Esch-Uelzecht

Related topics Bieder vum Park, Esch-Uelzecht, Les Bains du Parc, Schwämm
Next post Previous post