De Mains De Maîtres: Eng eenzegaarteg Biennale vum a fir d’Konschthandwierk

Wann handwierklecht Kënnen an artistescht Talent verbonne ginn, entstinn eenzegaarteg Wierker. Mëttlerweil huet dëse Beräich esou vill faszinéierend Facetten ze bidden, a genee déi ginn nach bis e Sonndeg, den 28. November mat der 3. Editioun vun der Biennale vum Konschthandwierk „De Mains De Maîtres“ presentéiert.

Am sougenannten „19Liberté“, dem fréiere Palais vun der ARBED an deem mëttlerweil d’Spuerkeess residéiert, gëtt déi räichhalteg a kreativ Bandbreet vum Konschthandwierk ervirgehuewen. Schonn eleng dëst monumentaalt Gebai vu bannen ze gesinn, erweist sech als Highlight.

De Mains De Maîtres
© Shari Pleimelding / moien.lu

Vu Moud, iwwer Bijouen, hin zu Instrumenter a Konschtobjeten, den nationalen an internationalen Artiste goufen fir dës Biennale, déi ënnert dem Titel „Viv(r)e la matière“ steet, keng Grenzen a Saache Materialien, Faarwen a Formen, Gréissten a virun allem Kreativitéit gesat. Genee dat ass no dem Pandemie-Joer 2020 besonnesch wichteg.

D’Kultur gouf ausgebremst, an dat obwuel et en essentielle Beräich vun eisem Liewen ass. Wéi de Roland Kuhn, President vun der Associatioun De Mains De Maîtres, erkläert huet, sollte mat dësem Evenement zum engen d’Artisten eng Plattform gebuede kréien, iwwert déi si déi noutwenneg Wäertschätzung erliewen.

Zum anere sinn et natierlech d’Visiteuren, déi hei déi verschidde Konschthandwierker nei entdecken dierfen. Vu Ketten aus Suen, engem barocke Kleed aus Plastik dat d’Opmierksamkeet direkt vun Ufank un op sech zitt, oder och Konschtwierker, déi alles anescht sinn, wéi dat wat ee mengt, erlieft een hei esou eng immens Kreativitéit, datt een direkt selwer Loscht kritt an dësem Beräich aktiv ze ginn.

De Mains De Maîtres
© Shari Pleimelding / moien.lu

Ma, et sief gerode genuch Zäit matzebréngen. Eng Selektioun vun ëm 300 Wierker vu 67 Lëtzebuerger Artisten ass ausgestallt. Dobäi kommen d’Kreatioune vum Éieregaaschtland Belsch sou wéi Stécker vun däitschen a franséische Konschthandwierker. Den Ofschloss mécht de Raum mat de Wierker a Konzepter vun de Studenten aus véier internationale Konschtschoulen.

D’Biennale vum Konschthandwierk „De Mains De Maîtres“ ass nach bis den 28. November all Dag vun 10:00 bis 18:30 Auer op. Den Entrée ass gratis an et gëtt keng Reservatioun am viraus benéidegt. Dofir sollt een awer déi néideg Dokumenter fir de CovidCheck matbréngen.

Dernières nouvelles