Search

You may also like

Chrëschtdagsfilmer mol anescht
Auto Neiegkeeten Sport

Chrëschtdagsfilmer mol anescht

Wann et Iech géint de Stréch geet, datt an all

Expo 2020 Dubai: 4 jonk Lëtzebuerger fir de gudde Maufel
Auto Neiegkeeten Sport

Expo 2020 Dubai: 4 jonk Lëtzebuerger fir de gudde Maufel

Am Oktober 2019 huet den EIG (Ekonomesch Interessegrupp) Luxembourg @

What the Fakt – Den Dag vun der Aarbecht, mee wisou schaffe mir net?
Auto Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Den Dag vun der Aarbecht, mee wisou schaffe mir net?

Den 1. Mee ass ee Feierdag, vir genau ze sinn

Biergcourse zu Holtz muss verluecht ginn

Biergcourse zu Holtz muss verluecht ginn

Wéinst der aktueller Situatioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie, an den hei unhänglechen Aschränkungen – dat besonnesch bezunn op d‘Reesbeschränkunge mat der Belsch – muss den ACL Sport d‘Biergcourse vun Holtz verleeën.

Dës sollt eigentlech den 4. a 5. Abrëll stattfannen an d‘Ouverture vun den nationale Championnater hei zu Lëtzebuerg wéi och an der Belsch alauden. Duerch den aktuelle Kontext, mat all sengen Ongewëssheeten, huet missen eng Decisioun geholl ginn. Dat jo och wëll et eng besonnesch Course ass, wou vill Belsch Piloten an natierlech och Offizieller aus der Belsch op Lëtzebuerg kommen.

Duerch déi onséileg Ëmstänn versteet sech vum selwen, datt et net méiglech ass, hei eng anstänneg Virbereedung op d‘Been ze stellen. Vun der Course selwer emol net ze schwätzen. Elo ass awer dës Epreuve net ofgesot! Si gëtt wéi gesot verluecht, wat zumindest emol en Trouscht fir déi dausende Fans vun dëser Sportaart sollt sinn. D‘Course gëtt dann elo op de 24. a 25. Juli festgeluecht.

Natierlech kann den ACL Sport och dësen Datum net a Stee meesselen, an et hofft een, dat bis zu dësem Datum, déi sanitär Situatioun am Land an an der Groussregioun nees méi favorabel ass. Et géif een bis dohinner d‘Situatioun akribesch am A behalen, esou den ACL Sport, deen natierlech weiderhi reegelméisseg iwwert de Kalenner vum Motorsport wäert informéieren.

Illustratioun: © Nicolas Peyrol / unsplash

Related topics ACL Sport, Biergcourse, Covid19-Pandemie, Holtz, Motorsport
Next post Previous post