Search

You may also like

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
Neiegkeeten

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt
Neiegkeeten

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt

Feiert Dir Ouschteren? Ech sinn net gleeweg, fir mech ass

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng duerch d’Stad Lëtzebuerg organiséiert. Zil war et der Regierung ze weisen, datt een net mat der Politik averstanen ass fir eege Rechter a Fräiheeten falen ze loossen, an datt ee sech géint eng Politik wiert, déi ëmmer méi repressiv an Demokratie-feindlech gëtt. Um Samschdeg, den 20. Juni fënnt e weidere Spadséiergang statt.

Mam Trëppeltour duerch d’Haaptstad wollt een de Message vermëttelten, datt den État de Crise, dee scho geschwënn zu Enn wäert goen, net méi acceptéiert ka ginn, sou wéi och all aner Moossnamen a Relatioun mat Covid-19. „Ee Virus vun deem scho laang bewisen ass, dass en net méi geféierlech ass ewéi den Influenza Virus“, schreift d’Beweegung Bierger fir Bierger.

Dës weideren wollten d’Participanten der Regierung beweisen, datt d’Astelle vun allen Aktivitéiten net essentiell ass an datt si Neiwale fuerderen. Am Kontext vun den Impfunge géint den neiaartege Coronavirus ass och eng virtuell Demonstratioun iwwert Facebook gestart ginn.

Related topics Bierger fir Bierger, Covid-19, Demonstratioun, Impfung, Protest, Regierung, sanitär Moossnamen, Spadséiergang, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post