Search

You may also like

CoPil-Mëllerdall: Staark Acteure fir méi Liewensqualitéit
Neiegkeeten Stories

CoPil-Mëllerdall: Staark Acteure fir méi Liewensqualitéit

D‘Natura-2000 Zone vum „Pilotage-Comité Natura 2000 Mëllerdall“ kënnen sech op

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun
Neiegkeeten Stories

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Neiegkeeten Stories

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum

Um vergaangene Weekend stoung Ettelbréck ganz am Zeeche vun der

Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050

Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050

Ee Grupp vun 30 Bierger, déi d‘Diversitéit vu Lëtzebuerg representéieren, begleet déi international Consultatioun „Luxembourg in Transition“, mam Zil vun engem resilienten an karbonneutralem Territoire.

Am Juni 2020 hat den Departement vun de Landesplanung (DATer) eng urban-architektonesch a landschaftsbildlech Consultatioun lancéiert. Eng Aktioun déi den Zweck huet Virschléi zur Amenagementsstrategie vum Lëtzebuerger Land an de Grenzregioune, am Kontext vun den Erausfuerderunge vum Klimawandel, ze sammelen. Zanter leschte Méindeg droen 30 Bierger hire Bléck bäi a verfollegen de Projet wärend engem Joer.

D‘Consultatioun „Lëtzebuerg an Transitioun – territorial Visioune fir déi dekarboniséiert a resilient Zukunft vun der funktioneller Regioun Lëtzebuerg“ ziilt drop of strategesch Virschléi zum territorialen Amenagement virzeleeën, wéi se och soll Zeenarie fir déi ekologesch Transitioun bis 2050 fir Lëtzebuerg an seng Territoiren ervirbréngen. Dës Consultatioun inspiréiert sech vun de grousse Consultatiounen, wéi „Grand Paris“ oder „Grand Genève“.

Zéng international Ekippe vun Architekten, Urbanisten a Spezialiste vun de Sozialwëssenschaften, déi no engem Appell fir Kandidaturen ausgewielt goufen, schaffen zanter Oktober 2020. Si sollen hir Aarbechte schonn Enn Januar, am Kader vun der éischter Consultatiounsphas virstellen.

De Minister vun der Landesplanung, wollt parallel dozou ee Biergercomité asetzen, fir ganz oppen iwwert déi Léisungen ze schwätzen, déi do proposéiert ginn. Dëse Comité soll d‘Visioun vun der Bevëlkerung vermëttelen a Virschléi ënnerbreeden, déi als „Inspiratioun“ am Kader vun den Aarbechten zum spéideren Direktiounsplang vun der Landesplanung (PDAT) géife genotzt ginn.

Zu dësem Zweck gouf ee Grupp vun 30 Bierger agesat, deen d‘Bezeechnung „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ erhalen huet. Dëse Comité huet den 18. Januar seng Aarbecht am virtuelle Raum, mee mat der Bedeelegung vum Minister Claude Turmes (déi gréng) opgeholl. Dësen huet erkläert: „Wa mir vun der Zukunft vun eisem Territoire schwätzen, musse mir de Fraen an Männer, vun all Alter an ënnerschiddlechen Horizonter, déi am Land liewen oder schaffen, d‘Méiglechkeet ginn, en Avis zu dësen Themen auszedrécken, an de Courage hunn hinnen nozelauschteren“.

Kontinuitéit

Dëse Recours op eng aktiv Biergerbedeelegung mécht sech an der Kontinuitéit vun der Demarche aus 2018. Do goufen déi ënnerschiddlech Positioune vun de Bierger an engem participative Prozess fir d‘Reform vum Direktiounsplang vun der Landesplanung (PDAT) gesammelt.

Fir de Minister Claude Turmes, ass de „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ eng Pionéier-Approche zu Lëtzebuerg, en neie Jalon an der Demarche vun der Biergerbedeelegung. „Ech hoffen datt de Comité, wärend der ganzer Dauer vum Prozess, sech zu engem veritabele Laboratoire vun der Demokratie entwéckelt. Dës Kéier méi besonnesch der Fro vum Klimawandel a sengem Impakt op den Territoire an d‘Roll vun der Landesplanung zougewannt, fir dësem ze begéinen a konkret Äntwerten a Léisunge virzeleeën“.

Eng éischt Versioun vum neien Direktiounsplang fir den Amenagement vum Territoire (PDAT), ass fir Ufank 2022 virgesinn. Dat notamment op der Grondlag vun ënnert anerem, de Resultater vun der internationaler Consultatioun an den Etüden, déi de Recommandatioune Rechnung droen, déi vun de Bierger 2018 proposéiert goufen. De Projet PDAT, gëtt dann enger Biergerconsultatioun ënnerworf, fir esou allen Acteuren d‘Méiglechkeet ze ginn, sech un der Finalisatioun ze bedeelegen.

Eng riguros Selektioun

Et war de Lëtzebuerger Sondageinstitut TNS-Ilres dee vum DATer beoptraagt ginn ass déi 30 Participante fir de „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ ze selektionéieren. D‘Objektiv dat gesicht gouf, war déi beschte méiglech Reflexioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Am Dezember gouf en Appell zur Kandidatur lancéiert, dee mat enger Verlousung aus der Datebank vun TNS-Ilres vervollstännegt ginn ass.

Ënnert den 250 Kandidaturen déi agaange sinn, huet de Sondageinstitut dunn enge onofhängeg Selektioun, unhand enger ganz Rëtsch Kritären, esou wéi Geschlecht, Alter, Hierkonft, Beschäftegung, asw. virgeholl.

E groussen Aarbechtspensum

Mam Zil d‘Komplexitéit vun den zukünftegen territorialen Erausfuerderungen evaluéieren ze kënnen, sollen sech d‘Membere vum „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ u Konferenze bedeelegen an erhalen Informatioune vun Experten iwwer landesplanungstechnesch Themen, wéi Mobilitéit, Logement, Infrastrukturen, Gestioun vum Waasser, d‘Biodiversitéit, asw… dat alles enger Perspektiv vum Klimawandel.

Eng Dose vun dësen Informatiounseventer, Formatioun an Diskussiounsronnen, sollen esou am éischten deel vun 2021 ugebuede ginn. D‘Konferenze sinn ëffentlech an gi vun Aarbechtssëtzungen hanner verschlossen Diere gefollegt, wou de Grupp déi verschidden Themen debattéiert. Dee geet och mat de multidisziplinären Ekippe vun der internationaler Consultatioun „Luxembourg in Transition“ confrontéiert, déi hir Propose parallel entwéckelen.

Ob der Basis vun de Léieren déi sech heirauser erginn, soll de „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ an der zweeter Hallschent vum Joer eng Aarbecht iwwert déi eege Propose, betreffend d‘Aart a Weis wéi de Lëtzebuerger Territoire misst organiséiert ginn, fir d‘Karbonneutralitéit bis 2050 ze erreechen. Dës Virschléi kënnen esou genotzt gi fir een Direktiounsplang vun der Landesplanung ze formuléieren.

Wëssenschaftlech Ënnerstëtzung a Sekretariat

De Grupp gëtt wëssenschaftlech a professionell begleet vum: Den Dr. Leonie de Jonge (Universitéit Groningen) an de Dr. Raphaël Kies (Universitéit Lëtzebuerg) analyséieren den Oflaf vum Projet mat hire respektiven Ekippen an ënnerwerfen dës dann enger wëssenschaftlecher Evaluatioun. De Büro Stoldt Associés ass beoptraagt ginn, d‘Koordinatioun an d‘Animatioun vum „Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050“ ze assuréieren

Matgedeelt vum DATer – fräi aus franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © DATer

Related topics Biergerkommitee, Claude Turmes, DATER, Klimawandel, Landesplanung
Next post Previous post