Search

You may also like

Wat gëtt et Neies vu Sea-Watch?
Business Money Neiegkeeten

Wat gëtt et Neies vu Sea-Watch?

D’Mëttelmier ass eng Plaz, wou Roserei, Trauer an Erliichterung no

money
Covid19-Selbsttester endlech och bei eis erhältlech (kommentéiert)
Business Money Neiegkeeten

Covid19-Selbsttester endlech och bei eis erhältlech (kommentéiert)

Kee Bock sech unzestelle fir getest ze ginn? Mat de

Nom „Genozid“ an de Seniorenariichtungen (Analys)
Business Money Neiegkeeten

Nom „Genozid“ an de Seniorenariichtungen (Analys)

De Marc Fischbach ass allen Hues aus der Politik an

money

Big Business @ Dudetown

Déi Diddelenger Geschäftsleit géifen sech iwwert Clientèle freeën, elo wou de grousse Chantier vun der Avenue Groussherzogin Charlotte beendegt ass an d‘Geschäfter nees Handel dreiwen dierfen. Et soll bei der offizieller „Reouverture“ vum Stadzentrum net den groussen Undrang ginn hunn an och soss wieren d‘Geschäftsleit eppes onsécher wat hinnen déi nächst Woche brénge wäerten.

Et war also ubruecht sech op der Plaz ëmzekucken an sech en eegenen Androck vun dësem neier „Zone de Renconter“ an dem Geschäftseck „I am Duerf“ ze maachen. Wat direkt opfält, et huet keng Trottoire méi, dofir awer „gefillt“ nach ëmmer esouvill Verkéier wéi virum Chantier. Deen dierf allerdéngs nach mat maximal 20 Km/H duerch d‘Niddeschgaass zirkuléieren.

Datt keng vollstänneg Foussgängerzon heirauser gemaach ginn ass, wat u sech déi besser Optioun gewiescht wier (natierlech mat Zougang fir d‘Livraisounen an d‘Busser) ass virun allem dem Awand vun de Geschäftsleit zouzeschreiwen. Déi hate bedenken, datt wann de Client net direkt vun hirer Dier parke kënnen, déi géifen ausbleiwen. An esou si Parkplazen an d‘Konzept opgeholl ginn.

Et sinn där Parkplazen awer largement manner, wéi fréier a fir sécherzestellen, datt et eng ugepasste Fluktuatioun huet, ass d‘Zäit fir de Stationement op 30 Minutte begrenzt ginn. Um Mëttwoch waren se alleguerte besat, an och soss waren d‘Parkingen (Match, beim Hild/Gar, asw.) zimmlech gutt besat. An de Geschäfter awer war kaum eng Mënscheséil ze erblécken. Vill waren dann och zou…

Dudetown© Martine de Lagardère / moien.lu

Wat den „Undrang“ betrëfft dee jo beklot gëtt, esou muss beduecht ginn, datt d‘Wantersolden déi aner Woch (20. Januar) eréischt ufänken. Wann da rieds dovunner ass, datt ee sech Cliente wënscht, wat jo absolutt an och bezunn op déi staatlech ugeuerdent Fermeture, verständlech ass, esou misst een alleguerten d‘Parameter berécksiichtegen. Mee d‘Geschäftsleit hunn nach aner Ängschten.

Mat alle Mesure déi géint de Covid19 geholl goufen, an déi vun de grousse Majoritéit vun de Leit behäerzegt goufen, huet sech eng Niewewierkung erginn, déi net dem Impfstoff zouzeschreiwen ass. D‘Leit hunn déi ageschränkte Beweegungsfräiheet als Usporn ugeholl, sech mat den neien Technologien ze familiariséieren. Et gëtt dann elo och méi „online“ akaf, well et jo praktesch ass.

Zudeem hunn d‘Wantersolden am Netz längst ugefaangen an och soss, emol ofgesinn dovunner dat wann ee Produkt net gefält, een dëst zimmlech onproblematesch nees „Retour“ schécke kann, sinn d‘Präisser zimmlech konsumentefrëndlech. Fir am Internet Handel ze dreiwen, brauch et streng geholl just ee Lager fir d‘Wueren ze stockéieren an ee Computer fir d‘Bestellungen ze geréieren.

Dudetown© Martine de Lagardère / moien.lu

Bei de Geschäftsleit zu Diddeleng gesäit et dogéint anescht aus: de Loyer (an deen ass an den Haaptakafsstroossen net bëlleg), d‘Chargen (Elektresch, Heizung asw.), mee och dat fachlech kompetent Personal, dat alles schléit sech op de Präis fir de Client néier. Besonnesch betraff sinn d‘Kleedergeschäfter an den Elektrohandel. Mee et brauch méi wéi Bäcker, Metzler a Coiffeuren…

Dozou kënnt, datt de ganzen Horesca-Secteur jo och nach ëmmer zou ass. Wien Dudetown kennt, weess, datt d‘Awunner vun der charmantster Grenzstad am Land, éischter vun der geselleger Zort sinn. Wann awer all Bistro zou huet, ass d‘Loscht en Tour duerch d‘Duerf ze maachen, manner. Et potert ee gären, mee esouguer dat sollt een méiglechst si loossen, sot de Mars di Bartolomeo.

Fir den Diddelenger Sozialist a Rapporter vun alle Covid19-Gesetzer, kann et net einfach sinn, an der Chamber ëmmer nees mussen Texter zum Vott virzeleeën. An hie geséich bestëmmt och léiwer, wann sech d‘Leit nees kéinten an d‘Äerm falen oder beim um Comptoir a grousse philosophesche Gespréicher verléiere kéinten. Nach geet dat net, an Dudetown ass och en Deel vun der Léisung.

Fotoen: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Diddeleng, Dudetown, Geschäftsleit, Konsumverhalen, Niddeschgaass
Next post Previous post