Search

You may also like

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp
Neiegkeeten

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

De Battin „Triple“, e sougenannten Trappist-Béier, ass en uewergäregen a

Politiker: déi nei bedreeten Aart
Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!

Zu Éieren vun der britescher Infirmière Florence Nightingale gëtt um

D’BIGS wiert sech weider – Grouss Aktioun virun der Chamber

D’BIGS wiert sech weider – Grouss Aktioun virun der Chamber

Zënter datt am Mäerz 2018 d’Tracé duerch de Bobësch fir de Contournement vu Käerjeng validéiert ginn ass, rebelléiert d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl (BIGS) géint d’Zerstéierung vu Biotopen a Liewensraim vun zuelräiche (geschützten) Aarten. An dësem Kader ass fir e Samschdeg, den 12. Juni eng Marche fir de Klima an d’Demokratie vun de Bierger geplangt.

Treffpunkt ass um 13:45 Auer bei der Chamber. Mat dobäi sinn ënnert anerem d’Gewerkschaften OGBL an LCGB, extinction rebellion luxembourg, de Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL) an och d’fondation partage luxembourg.

Passend dozou huet d’BIGS d’NOX-Wäerter verëffentlecht, déi vu Januar bis Mee 2020 zu Käerjeng gemooss gi sinn. Dës beweisen, datt an der Moyenne d’Stéckstoffwäerter bei 30 ug/m3 louchen – de Grenzwäert beleeft sech op 40 ug/m3. Fir d’Natur z’erhalen, huet d’Biergerinitiativ dëse Fréijoer Recours beim Verwaltungsgeriicht ageluecht, mam Zil esou géint d’Decisioun vum 19. November 2020 a 25. Februar 2021 vum Ëmweltministère zur Autorisatioun zu den Ofsenkaarbechten vum CR110 an dem Bau vu Stëtzmauere virzegoen.

BIGS

Aktuell erkläre si heizou: „Mir als BIGS ginn jo net midd ze soen, datt „d’raison impérative d’intérêt plublic majeure“ schonns laang hifälleg ass an de Projet “Contournement” ad acta misst geluecht ginn. Eis Chancen um Geriicht Recht ze kréien sinn mat esou Zuelen natierlech gutt, ma mir mussen eis Stëmm weider erhiewen an kloer den politeschen Responsabelen soen, wat ze maachen ass a wat fir d’Zukunft vun de kommenden Generatiounen iwwerliewenswichteg ass.“

Eng weider Aktioun wäert et e Samschdeg, de 26. Juni um 15:00 Auer am Bobësch selwer ginn. D’Geleeënheet gëtt genotzt, fir nach emol op d’Petitioun „Moratoire #firdebesch #keeContournement“ hinzeweisen. Bis ewell si bal 700 vun den erwaarten 1.000 Ënnerschrëften zesummekomm. Weider Informatiounen dozou kritt Dir HEI.

Related topics Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Bobësch, Chamber, Contournement, Käerjeng, Marche fir de Klima an d'Demokratie, Naturschutz, NOX-Wäerter, Protestaktioun, Stéckstoffdioxid, Zerstéierung
Next post Previous post