Search

You may also like

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire
Neiegkeeten

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire

D’Cargolux huet dëst Joer 230 Tonnen u Konschtwierker aus den

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell
Neiegkeeten

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff
Neiegkeeten

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass chronesch iwwerlaascht an erfëllt seng Missioune

BIGS: Aktiounswoch mat Bëschwanderung, Filmowend a méi

BIGS: Aktiounswoch mat Bëschwanderung, Filmowend a méi

D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl ass weider konsequent an hirem Kampf géint de Contournement vu Käerjeng. An deem Kader lancéiere mer eng Aktiounwoch fir opzeklären a sammele Fongen fir eise Recours géint dëse Stroossebauprojet dee mer zesumme mat Käerjenger a Suessemer Leit agereecht hunn.

De Programm zur Aktiounswoch

DO IT YOURSELF
Vu Méindes, den 13. September bis bis Donneschdes, de 16. September vu 15:00 bis 18:00 Auer
Insektenhotel, Vullenhaischen, Holzschnitzen, Seedbombs, Buttons
RDV beim Waassertuerm

BËSCHWANDERUNG
Freides, de 17. September vu 15:00 bis 16:30 Auer
Guidéiert Visitt vum Bobësch – Zaemerbësch – Groussebësch / Natura-2000-Zone
RDV beim Parking Gare Bascharage
Zesumme mam Biolog Roger Schauls

FILMOWEND
Freides, de 17. September um 18:00 Auer
Mam Film „Hambi, der Hambacher Forst wehrt sich“
Intro: Zohra Barthelemy, Klimaaktivistin vu Youth for Climate Lëtzebuerg

ÉIEREWÄIN MAT OWESIESSEN
Freides, de 17. September um 19:30 Auer
Solidaritéitsiesse mat Nems, Thaï Menu, Räis / Nuddelen an Dessert – 2 Formullen (vegan an net-vegan) ginn ugebueden.
Präis: 25 €
Reservatioun ënnert bigs@pt.lu – 661 591 913, den Talon Reponse fannt Dir HEI

Firwat gi mer eis net?

Ma well dëse Projet eng Aberratioun ass:

  • dëse Stroossebauprojet féiert duerch Kilometeren an Hektaren vu wäertvollem Bësch (Bobësch, Zämerbësch), dee vu Käerjenger a Suessemer Leit als Erhuelungsgebitt genotzt gëtt;
  • den Zäermebësch ass europäescht Natura-Gebitt an eréischt no der Deelzerstéierung soll och de Bobësch geschützt ginn;
  • si sinn déi eenzeg Bëscher an enger zersiedelter an industrialiséierter Géigend, an e wichtege Gringgürtel, deen rezent vun der UNESCO am Kader vu „Man and Biosphere“ déclaréiert gouf.

Dëse Projet ass och en No-Go an Hibléck op d‘Klimasituatioun an op de Réckgank vun der Biodiversitéit, déi alle béid dramatesch Ausmoossen ugeholl hunn an och mat dem Ofbau vun de Bëscher ze dinn hunn. Et sinn d’Mënschen déi sech den eegenen Aascht ofseeën op deem se sëtzen.

Wat hunn all déi Klima- an Ëmweltberichter fir e Wäert, wa keng konkret Konsequenzen doropshin erfollegen? Mir mussen HAUT ufänken anescht ze handelen. A mir mussen HEIHEEM handelen a net mam Fanger op déi aner weisen. Fir d’éischt sinn et déi héich NOX-Wäerter bei der Brauerei zu Käerjeng déi als „raison impérative d’intérêt public majeur“ erugezu goufen, well soss de Contournement duerch eng Natura-Zone net ze rechtfäerdege wier.

An elo, wou se substantiell erof gaange sinn, a nogewisen ass, dass se ni esou héich louchen wéi an der Chamber deklaréiert – elo spillen se keng Roll méi? Sinn eis demokratesch Instanzen nach glafwierdeg? Moossnamen fir de Verkéier ze berouegen an de Kär vun Käerjeng ze entlaaschten, goufen ugekënnegt, sinn awer nach ëmmer net ëmgesat.

Den 19.11.2020 gouf beschloss, d’Ofsenkung vun der Strooss tëscht Suessem a Käerjeng (CR 110) kënschtlech vum eigentleche Projet ze trennen, fir e fait accompli ze schafen. Dat hu mer virum Verwaltungsgeriicht ugefecht.Firwat net ofwaarden bis déi verkéiersberouegend Moossnamen hier Resultater bréngen? Firwat de Contournement, deen no Aussoen vum Transport- an Infrastrukturminister keng Léisung vum Verkéiersproblem duerstellt, elo awer duerchzéien?

Dofir ruffe mer all Biergerin a Bierger op: Sief Deel vum Protest – hëllef eis de Projet ze kippen – hëllef eis d’Naturazone ze retten an fir déi kommend Generatiounen z’erhalen!Ënnerstëtz eis aktiv an engagéier dech!

Related topics Aktiounswoch, Bëschwanderung, Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Bobësch, Do it yourself, Éierewäin, Filmowend, Hambacher Forst
Next post Previous post