Search

You may also like

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)
Neiegkeeten

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Et ass Hierscht. De vill erwaarten Hierscht mat sengem „Neistart“

Gratis Schoulbicher: app.mybooks.lu ass nees online!
Neiegkeeten

Gratis Schoulbicher: app.mybooks.lu ass nees online!

Zënter dem 25ten Juli 2020 ass d’Applikatioun app.mybooks.lu nees online.

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

Gëtt elo illegal mam Bau vum Contournement ugefaangen?

Gëtt elo illegal mam Bau vum Contournement ugefaangen?

Zesumme mat de Biergerinnen a Bierger vu Käerjeng a Suessem huet d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl (BIGS) Recours beim Verwaltungsgeriicht ageluecht. Domat wëlle si géint d’Decisioune vum 19. November 2020 a 25. Februar 2021 vum Ëmweltministère zur Autorisatioun zu den Ofsenkaarbechten vum CR110 an dem Bau vu Stëtzmauere virgoen.

Schonn Enn Dezember huet d’BIGS drop higewisen, dass dës Aarbechten an de Bau vum Contournement kënstlech als Projete getrennt goufen. Mat den ugekënnegten Aarbechte géif een allerdéngs schonn hannerrécks mam Bau vum Käerjenger Contournement ufänken, ier iwwerhaapt déi zweet Autorisatioun vum Ëmweltministère bereet läit.

Op de soziale Medien ënnersträiche si: „D’BIGS asbl huet haut, zesumme mat betraffenenen Awunnerinnen vu Suessem a Käerjeng, e Recours beim Verwaltungsgeriicht deposéiert. Ugefecht ginn 2 Geneemegungen, déi d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op Demande vum Bauteminister François Bausch erausginn huet fir dass d’Ponts&Chaussées kënne mam Bau vun engem Deelstéck vum Contournement bei der Käerjeng-Suessemer Gare ufänken. Dat ënnert dem iirféirende Numm „Wëldbréck“ – fir déi et emol kee Plang gëtt an déi eréischt … 2024 soll gebaut ginn.“

Mam Chantier gi Biotopen zerstéiert a geschützten Aarte verdriwwen. Ënnert anerem gëtt dobäi de Liewensraum vun de Fliedermais an de Mauereidechsen muttwëlleg futti gemaach. Domat ginn de Minister Bausch an d’Ponts et Chaussées géint déi europäesch Direktiv zum Habitat 92/43, woubäi eng Analys zu den Ëmweltschied a Kompensatiounsmoossnamen zum Schutz vum Reseau vum Natura 2000 verlaangt ginn.

De Projet setzt viraus, dass et fir dës Aarbechten imperativ Grënn ginn, déi mam ëffentlechen Interessi ze begrënne sinn. „Béid Autorisatioune sinn als Muechtmëssbrauch, Iwwerschreidung vun de Befugnisser a Rechtsverletzung ze bezeechnen“, sou d’BIGS.

Dat komplett Schreiwes mat weidere Detailer fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: Opmaacherfoto © BIGS / Facebook

Related topics Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Biotopen, Contournement, Käerjeng, Liewensraum, Natur, Natura 2000, Recours, Suessem, Verkéier, Wëldbréck, zERSTÉIERUNG
Next post Previous post