Search

You may also like

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

Déi schwedesch Automark „Volvo“ steet och nach haut fir Sécherheet

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
Meenung Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“
Meenung Neiegkeeten

Gratis Stonn um Parking „Fort Neipperg“ a „Fort Wedell“

D’Stad Lëtzebuerg huet elo annoncéiert, datt vum 29. November bis

#firdebesch zu Käerjeng: D’Gemeng Käerjeng geet viru Geriicht a géint d’Naturschützer!

#firdebesch zu Käerjeng: D’Gemeng Käerjeng geet viru Geriicht a géint d’Naturschützer!

D’BIGS (Biergerinitiative Gemeng Suessem Asbl) deelt mat, datt et nei Entwécklungen beim Asproch virum Verwaltungsgeriicht géint d’Geneemegung vun den Aarbechten um CR110 (sougenannte Projet „Wëldbréck“) zwecks Virbereedunge vum Contournement zu Käerjeng gëtt.

Éischtens huet de Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng en Donneschdeg virum Verwaltungsgeriicht ugefrot als „partie intervenante“ an dem vun eis um 4. Mäerz ageleete Verfaren ugeholl ze ginn. Elo ass kloer, datt d’Käerjenger Gemengeféierung bis zum Schluss offensiv fir d’Realiséierung vum Contournement optriede wäert, wat all betraffe Bëschmassiver an dësem Gebitt vun der Gemeng Käerjeng schwéier beanträchtege wäert.

Zweetens bedauere mir, datt déi stellvertriedend Virsëtzend am Verwaltungsgeriicht e Freideg den Dringlechkeetsantrag vun der BIGS Asbl net accordéiert huet, fir déi geneemegt Aarbechten esou laang ze suspendéieren, bis datt d’Uerteel vum Haaptverfaren virun der éischter Sektioun vum Verwaltungsgeriicht geschwat ass.

Dobäi ass net just de Verstouss duerch dëse Projet géint europäesch an national Rechtsbestëmmungen eeschthaft dokumentéiert, mee et ass och ee schwéieren an endgültege Schuet fir d’Antragsteller, an zwar duerch den Ufank vun den Aarbechten an dat domat verbonnent Ofholze vu geschützte Beem (an d’Zerstéiere vu geschützte Fliedermaushabitaten), sou wéi déi zouwanderend, net fachgerecht „Verleeung“ vun och geschützte Mauereidechsen virun der Ënnerféierung. D’BIGS Asbl huet mëttels enger Beschëlderung schonn op dës bedreet Déierenaarten higewisen.

Leider ass géint d’Ordonnanz kee Recours méiglech. D’Geriichtsinstanz huet awer eréischt ugefaangen an et handelt sech ëm keng Entscheedung, déi dem Haaptverfare virgräift.

Mir wäerten d’Lag op der Plaz genee beobachten an ugesiichts enger neier Faktelag direkt reagéieren, geriichtlech an aussergeriichtlech. Vum Ëmweltministère, deen dëse Projet geneemegt huet, verlaange mir elo schonn, bei der Ëmsetzung d’Entscheedung vum Aarten- an Habitatschutz zu all Zäit ze garantéieren.

D’BIGS wäert säi Widerstand fortsetzen, fir de Bau vum Contournement an déi domat verbonnen Zerstéierung vum Bësch ze verhënneren.

Matgedeelt vun der BIGS Asbl


Dës weideren hunn d’BIGS, de mouvement écologique Regioun Süden, natur&ëmwelt a Youth For Climate Luxembourg säi Communiqué „Moratorium zum Contournement Käerjeng!“ verëffentlecht. Dëst Schreiwes fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Katie Moum / unsplash

Related topics Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Contournement, Ëmweltministère, Fliedermaushabitate, Käerjeng, Mauereidechs, Naturschutz, Verwaltungsgeriicht, Zerstéierung
Next post Previous post