Search

You may also like

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!
Neiegkeeten

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!

Ganzer 30 Joer gëtt zu Lëtzebuerg un der ländlecher Entwécklung

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Juni bis den 4. Juli 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Juni bis den 4. Juli 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Wann een net mat Hinne schwätzt gi se kazeg
Neiegkeeten

Wann een net mat Hinne schwätzt gi se kazeg

Fir déi 53. Konferenz vun de Comitéë vun der CGFP,

Zoubetonéiert Fläche kënnen der Kraaft vum Waasser net standhalen

Zoubetonéiert Fläche kënnen der Kraaft vum Waasser net standhalen

An engem Schreiwes mécht d’Biergerinitiative Gemeng Suessem Asbl (BIGS) op d’Kraaft an d’Hëllef vun der Natur bei esou Katastrophen, wéi dem Héichwaasser opmierksam. Ass si intakt, kënne Wisen a Wuerzelen d’Flëssegkeet opsaugen an zeréckhalen, wärend de vum Mënsch agesate Bëtong der Kraaft vum Waasser net Meeschter gëtt.

Nom Héichwaasser vun der leschter Woch huet net nëmmen Lëtzebuerg, mee och eis Nopeschlänner gesinn, wéi eng zerstéieresch Auswierkungen d’Natur kann hunn. Betongswüsten an ëmmer méi Wunnraum ze schafen, gläichzäiteg awer Gréngraum ze zerstéieren, ass net de richtege Wee.

Iwwerschwemmungen wieren do kee Wonner. D’BIGS schreift: „Dat ass de Präis, deen de Mënsch bezuele muss, wann en ouni Récksiicht a kuerzsiichteg plangt, an denkt e kéint der Natur alles opdrängen.“

An dësem Kader weist d’Biergerinitiative och drop hin, datt de geplangte Contournement, bei deem den CR110 ëm 10 Meter ofgesenkt gëtt, eventuell och esou Konsequenze kéint mat sech bréngen. Groussdeeler vum Bobësch an Zäemerbësch wäerten eisem Trafic weeche mussen.

Den Aussoen an der Chamber no sollen d’Aarbechten am Hierscht ufänken. Bis ewell huet d’Natura-2000-Gebitt kee Schuet, mee wéi ass et duerno? Dofir fuerderen d’BIGS, natur&ëmwelt an de Mouvement écologique aus dem Süden e Moratorium vun de Bauaarbechten.

Hiert Schreiwes kënnt Dir HEI noliesen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics #firdebesch, Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Bobësch, Contournement, CR110, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Kraaft, Moratoire, Natur, Waasser, Wisen
Next post Previous post