Search

You may also like

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus
Sport

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Wéi de Gesondheetsministère um Samschdeg matdeelt, ass et unhand de

Strikt Moossnamen fir d’Ofschlossexamen 2021
Sport

Strikt Moossnamen fir d’Ofschlossexamen 2021

Um 17. Mee fänken d’Ofschlossexamen an de Lycéeën un a

Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen
Sport

Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen

Vergaangenen Donneschdeg ass S.A.R. d’Groussherzogin vum Isabelle Kocher vun der

Hei komme Bikeren op hier Käschten!

Hei komme Bikeren op hier Käschten!

Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT (Velo Tout Terrain), stellt de Bike Park Boy Konen op enger Plaz alles zur Verfügung, wat dës Sportaart beusprocht. „Table line“, „Enduro-Track“, „North-Shore“, „Pumptrack“ a „BMX-Track“ op engem Circuit vereent – en Dram dee Wierklechkeet gëtt!

© Mike Picar/Service des Sports VdL

Et war am Joer 2015, wou dräi Vëlossportveräiner vun der Stad Lëtzebuerg d‘Demande gemaach haten, fir eng VTT-Trainingspiste ze kréien. Dorops hin ass eng Etüd gemaach ginn an 2016 huet de Schäfferot vun der Stad de Sportsterrain Boy Konen fir de Projet zréckbehalen. Den Amenagement vun esou enger Trainingspiste stellt dann och ganz kloer e Méiwäert fir d‘Haaptstad duer.

Zudeem komplettéiert de Bike Park déi bestoend Offer fir d‘Cyclisten. An der Stad gëtt et schonn de Parcours „Josy Mersch“ fir de Cyclo-Cross an eng BMX-Piste um Site „Grauhans“ am Néiduerf (direkt beim Foussballsterrain).

© Mike Picar/Service des Sports VdL

De Bike Park Boy Konen ass dann och leschte Freideg zu Zéisseng feierlech ageweit ginn. Nieft dem Schäfferot haten d‘Vertrieder vun de Veräiner an a sëlleche weider Gäscht d‘Invitatioun ugeholl. D‘Sportler vun de verschiddene Sportaarten dierfen dann och mam Resultat ganz Zefridde sinn, ganz ofgesinn dovunner, datt de VTT elo hei eng schéin Heemecht fonnt huet. Accessibel a mat allem wat e braucht, kënnen sech d‘Champione vu muer hei op hir sportlech Zukunft virbereeden.

Foto: Aweiung vum Bike Park Boy Konen zu Zéisseng (© Charles Soubry/Fotothéik VdL)

Related topics Bike Park, Boy Konen, Lëtzebuerg Stad, Vëlo, Zéisseng
Next post Previous post