Search

You may also like

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net
Money Neiegkeeten

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net

Am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt
Money Neiegkeeten

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt

Naturschutz a Klimaplang geet eis alleguerten un, an am beschten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter
Money Neiegkeeten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter

Och an Entreprisen ass eng effikass Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht

money

Ass een net op der Héicht kann et deier ginn

Schwächte bei der Ofwier vu Geldwäsch an Terrorfinanzéierung bréngen der BIL eng Sanktioun an héicht vu 4,6 Milliounen Euro an

Ass een net op der Héicht kann et deier ginn

D‘BIL (Banque Internationale è Luxembourg) ass eng vun den eelere Banken zu Lëtzebuerg, an hei huet an de leschte Joren eng ganz Rëtsch un dubiéisen Aktionäre ginn. Bis an den Oktober 2017 war „Precision Capital“ aus dem Katar de Leader, iert si hir Undeeler u „Legend Holding“ aus China fir ronn 1,5 Milliarde verkaf hunn. Zu där Zäit war de Luc Frieden (CSV) President vun dësem Club…

Wärend an no der Iwwernam vun der BIL duerch d‘Chinesen, hat d‘Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur (CSSF) – tëscht 2017 an 2018 – bei dëser Bank nogekuckt, wéi gutt si sech géint Geldwäsch an Terrorfinanzéierung opgestallt huet. Wéi d‘Finanzinstitut an engem Communiqué elo matgedeelt huet, huet et do zolidd Schwächte ginn, firwat et zu enger fetter Amende komm ass.

Dat kléngt – ugesiichts eng CSSF-Verwaltungssanktioun an Héicht vu 4,6 Milliounen – op den éischte Bléck schonn eppes dramatesch, mee d‘Finanzpolice huet weder Aktivitéite festgestallt, déi op Geldwäsch an/oder Terrorfinanzéierung hindeiten. D‘CCSF hat Stéchprouwe vu Clienten aus der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten (GUS) gemaach an en inherente Risiko festgestallt.

Ënnert dem neie CEO wéi och der neier Aktionärsstruktur sinn all déi noutwenneg Moossnamen ergraff ginn, fir déi festgestallte Schwächen ofzestellen. Zudeem huet d‘BIL hir Konformitéit-Richtlinnen (Compliance) ugepasst an zousätzlech Spezialisten agestallt. D‘Mataarbechter ginn dann elo och am Beräich vun der Geldwäsch an der Terrorfinanzéierung zousätzlech geschoult.

Wann ee Bedenkt, datt dës „Onregelméissegkeeten“ während enger Zäit festgestallt goufen, wou ee fréiere Finanzminister CEO vun der Bank war, kann ee sech schonn eng Rei Froe stellen. De Luc Frieden, dee jo Justizminister war (1998-2008) an du Finanzminister (2009-2014) war a virun der BIL zu London fir déi „Deutsche Bank“ geschafft huet, dierft sech kenger Schold bewosst sinn.

Fir ee Personnage dee Jurist vu Formatioun ass, an ënner Ëmstänn hätt kënne Premier vum Land ginn, wier et sécherlech besser gewiescht, net mat dëser Amende a Verbindung bruecht ze ginn. Hei sollt ee bedenken, datt hien nach ëmmer Member vun der „Bourse de Luxembourg“ ass. Et bleift ze hoffen, datt säi Successeur bei der BIL, Marcel Leyers, et als CEO eppes besser gemanagt kritt.

Illustratioun: Et kann een d‘Geld vun den Aktionären op vill erdenklech Aart a Weise verbrennen, mee wann ee fréiere Justiz- a Finanzminister eng Bank net Konform zur Verhënnerung vu Geldwäsch an/oder Terrorfinanzéierung opstelle kann, an och weiderhin an dësem Secteur aktiv ass, komme Froe a punkto Qualifikatioun op. Net ze vergiessen, datt een esou och dem Ruff vun der Finanzplaz Lëtzebuerg hätt zolidd Schued zoufügen. © JP Valery / unsplash

Related topics Banque internationale à Luxembourg, BIL, CSSF, Geldwäsch, Luc Frieden, Terrorfinanzéierung
Next post Previous post