Search

You may also like

COP24: Eng schwaach Virstellung
Neiegkeeten

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen
Neiegkeeten

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen

Tëscht 1941 an 1943 sinn honnerte Judden aus Lëtzebuerg an

money
Chômage Zuele weider réckleefeg
Neiegkeeten

Chômage Zuele weider réckleefeg

Op den 30. Juni ass op e neits eng Baisse

Handelsermächtegungen 2020: De Ball konnt viru rullen

Handelsermächtegungen 2020: De Ball konnt viru rullen

Trotz Pandemie ass d’Zuel u Betriber an Independanten, déi 2020 eng Handelsermächtegung ugefrot hu just liicht erofgaangen (-6,4%). Ma, bei der Presentatioun vum Bilan vum viregte Joer ass de Lex Delles, Minister fir Mëttelklass, och op d’Moossnamen agaangen, wéi een dem Secteur ënnert d’Ärem gegraff huet.

Am Ganze sinn 42.419 Dossieren vun Entreprisen a Fräiberuffler bei der Direktioun fir Mëttelklass agereecht ginn, fir eng finanziell Ënnerstëtzung ze erhalen, déi net zeréckbezuelt muss ginn. Insgesamt sinn dobäi méi wéi 261 Milliounen Euro verdeelt ginn.

War et Ufanks schwiereg d’Dossiere am gewinnten Delai ze behandelen, esou konnt an der Moyenne no 9,8 Deeg eng Äntwert un den Demandeur geschéckt ginn. Am Joer 2019 hunn d’Ekippen dofir 9,4 Deeg benéidegt.

Am Verglach zum Joer virun der Pandemie ass d’Unzuel un Demande fir eng Autorisatioun fir en Etablissement féieren ze dierfen, just liicht erofgaangen, an zwar vun 12.014 (2019) op 11.245 (2020). Ënnerdeele loosse sech d’Dossieren an 7.131 Demanden am Commerce (7.905 fir 2019), 3.624 Stéck am Artisanat (3.507 fir 2019) a 490 un Independanten (602 fir 2019).

Handelsermächtegungen 2020
LES AUTORISATIONS D’ÉTABLISSEMENT: BILAN 2020

Dobäi sinn am Ganzen 12,9 % vun den Demande refuséiert ginn, well beispillsweis d’Qualifikatioun net duergaangen ass. Vun den aneren 87,1% hu ganzer 74,6 % u juristesch Persounen an 25,4% physesch Persoun d’Autorisatioun erhalen. Bei méi wéi der Hallschent (58,8%) handelt et sech ëm Gesellschafte mat beschränkter Haftung (SARL).

Handelsermächtegungen 2020
LES AUTORISATIONS D’ÉTABLISSEMENT: BILAN 2020

Zousätzlech koum et zu 3.441 Annulatiounen, 276 Revocatiounen, an och 673 Faillite si matgedeelt ginn (2019 waren et der 555).

Ma, schlussendlech ass de Minister Lex Delles nach op grenziwwerschreidend Entreprisen agaangen, déi hire Sëtz net zu Lëtzebuerg hunn, mee hir Servicer och hei am Land ubidden. Am Ganze sinn 4.663 Zertifikater u si gaangen, sou datt si hir Déngschter iwwerhaapt hei kredenze kënnen. Duerch déi verschidde Restriktiounen a Grenzkontrolle wärend dem Ufank vun der sanitärer Kris ass dës Unzuel ëm 9,9% erofgaangen am Verglach zu 2019.

Handelsermächtegungen 2020
LES AUTORISATIONS D’ÉTABLISSEMENT: BILAN 2020

Dobäi si 7,6% vun den Demande refuséiert ginn, well ënnert anerem keen CE-Attest virlouch oder de Beruff e Risiko opgewisen huet.

Opmaacherbild: De Lex Delles, Minister fir Mëttelklass, bei der Presentatioun vum Bilan 2020 vun den Handelsermächtegungen © MECO

Related topics Betriber, Bilan 2020, Demanden, Finanziell Ënnerstëtzung, Handelsermächtegungen, Independanten, Lex Delles, Minister fir Mëttelklass, SARL
Next post Previous post