Sécherheet op der Aarbecht: Iwwer 11.000 Kontrollen vun der ITM am Joer 2021

D‘Pandemie war, trotz Impfstoff, och am Joer 2021 en dominant Thema an der weltwäiter Wirtschaft. Besonnesch am Hierscht gouf et eng nei Well u Kontaminatiounen a Virus-Mutatiounen. Eleng doduerch huet d‘Inspection du Travail et des Mines (ITM) zousätzlech zu den übleche Kontrollen méi wéi 2.800 weider Kontrollen missen duerchféieren.

Wéi de Bilan vum leschte Joer weist, sinn 326.877 Demanden traitéiert an 8.511 Kontrollen duerchgefouert ginn, bei deenen et haaptsächlech ëm d‘Sécherheet op der Aarbecht gaangen ass. Dobäi kommen nach emol 2.874 spezifesch Kontrollen am Beräich Sécherheet a Gesondheet am Bezuch op Covid-19, an dat an alle Beräicher.

Insgesamt hunn esou missen 2.315 Geldstrofen verdeelt ginn, wouduerch en totale Montant vun 9.243.000 € zesummekomm ass.

Bilan ITM 2021
(v.l.n.r.) Marco Boly, Direkter vun der ITM; Georges Engel, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung © ITM

Ma, net nëmmen zousätzlech Kontrollen, mee och en neie Service huet d‘ITM an d‘Liewe geruff. Zanter dem 1. Oktober 2021 këmmert sech ‚Sécurité Autorisations Tunnels‘ – den Numm weist schonn drop hin – ëm d‘Sécherheet an den Tunnellen, déi iwwer 500 Meter laang sinn.

Weider Informatiounen, sou wéi de Bilan 2021 vun der ITM fannt Dir op www.itm.public.lu.

Dernières nouvelles