Search

You may also like

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)
Neiegkeeten

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)

Aus de bekannte Grënn gëtt haut d‘Enn vum zweete Weltkrich

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain
Neiegkeeten

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain

Well den Alexander Lukaschenko iwwerzeegt ass, datt d‘Ukrain zesumme mat

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort
Neiegkeeten

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort

De Staatslabo (LNS) huet och am leschte Joer säi Wee vun

Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020 – Manner Kollisiounen, méi Doudesaffer

Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020 – Manner Kollisiounen, méi Doudesaffer

De Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten François Bausch huet de Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020 presentéiert. Dobäi ass virun allem eng generell Baisse vun den Accidenter, dofir awer eng Hausse bei den Doudesfäll ze konstatéieren.

Am vergaangene Joer koum et am Ganzen zu 771 Stroossenaccidenter, wärend et der 2019 nach 988 waren (-22 %). Dovunner si 24 Virfäll déidlech ausgefall (+9 % am Verglach zu 2019), an och d’Zuel un Doudesaffer huet zougeholl – 26 fir 2020, 22 fir 2019 (+18 %). Schwéier a manner schwéier Accidenter hunn eng Baisse vun 13 %, respektiv souguer 29 % erlieft.

Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020
Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020

Wéi um Schema ze erkennen ass, sinn déidlech Accidenter virun allem op de Landstroossen passéiert (62 %), wärend uerg Accidenter souwuel op Landstroossen, wéi och an Dierfer/Stied gläich heefeg zustane komm sinn (jeeweils 47 %). Am Kader vun der Presentatioun huet de François Bausch drop higewisen, datt vun 2013 bis 2020 déi déidlech Stroossenaccidenter ëm 41 % erofgaange sinn.

Nach ëmmer ass et haaptsächlech eng ze héich Vitesse, duerch déi uerg an déidlech Accidenter provozéiert ginn. Hannendru kommen Feeler beim Fuerverhalen, wärend Accidenter, déi duerch en alkoholiséierte Chauffeur passéieren, zënter 2013 ëmmer weider erofginn.

Kuckt een d’Konditiounen, esou ass ze bemierken, datt et oft am Nomëtteg a fréien Owend zu déidlechen an graven Accidenter kënnt, dat och virun allem am Summer an op dréchene Stroossen. Fir 2020 waren et haaptsächlech 35 bis 44 Järeger, déi responsabel fir schwéier, respektiv déidlech Accidenter waren.

Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020
Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020

Ma, Kollisiounen tëscht zwee Gefierer ware mat 41 predominant. Auto géint Mauer an Auto géint Foussgänger kommen e gutt Stéck hannendrun, wärend Auto géint Bam op Plaz 4 vun de Kollisiounstyppe steet.

Déi detailléiert Statistiken zu de Stroossenaccidenter 2020 kënnt Dir Iech HEI ukucken.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Paul Meyers, Direkter vun der Verwaltung fir technesch Enquêten; François Bausch, Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten © MMTP

Related topics Bilan vun de Stroossenaccidenter 2020, déidlech Accidenter, Doudesaffer, Francois Bausch, Fuerverhalen, Kollisioun, Landstrooss, Vitesse
Next post Previous post