Search

You may also like

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
Business Money Neiegkeeten

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt
Business Money Neiegkeeten

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt

Wann den Donald Trump nei, méi restriktiv Migratiounsregeleunge fuerdert, nodeems

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!
Business Money Neiegkeeten

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!

Bekannt ginn ass d’Figur Harry Potter duerch d’Fantasy-Roman-Rei vum J.

money

D‘Beruffskummer zum Bilan vum Pandemiejoer

Bezunn op déi generell am Bilan enthalen Zuelen, kann ee behaapten dem Secteur wier et gelonge Schuedensbegrenzung ze assuréieren

D‘Beruffskummer zum Bilan vum Pandemiejoer

Fir de President vun der „Chambre des Métiers“ Tom Oberweis war et wuel net einfach sech op d‘Presentatioun vun der Zuelen aus dem Pandemiejoer virzebereeden. Mee gutt, keen huet hie jee gezwongen den Job unzehuelen. Datt hien der Usiicht ass, datt de „Geescht vum Entreprenariat“ méi staark wéi de Coronavirus ass, huet och eppes diplomateschen Hannergrond, mee net nëmmen.

Elo muss een nach dierfen drop hiweisen, datt et ferm Ënnerscheeder bannent dem Handwierk gëtt, an och d‘Beruffskummer, keen demokratescher Veräin ass, wou jidderee gläich behandelt gëtt. Dat gewosst, kann ee sech den Zuelen zouwennen. D‘Zuel vun den Entreprisen an den Aarbechtsplazen huet géintiwwer 2019, trotz Pandemie zougeholl, dat bezunn op d‘Kreatioun vun Entreprisen.

Bei de Schléissunge gëtt et eng Hausse vun 21%, a bis zu 53% vun den Jobs si fleete gaangen. Och de globalen Ëmsaz ass ëm 8% zeréckgaangen. Hei gëtt drop higewisen, datt et den Detail ass, deen ee berécksiichtege muss: jee nodeem wat ee wou vun Aktivitéit unzebidden huet, geet et vun enger Perte (-35%) bis engem Gewënn (+14%). E Constat deen dann nees enger Zuel eppes verkläert…

Esou schéngt et ee Fakt ze sinn, datt déi der „Chamber des Métiers“ ugegliddert Entreprisen, nach keng Erkenntnisser zu „Finanzreserven“ verënnerlecht hunn. Laut deem wat d‘Beruffskummer esou vu sech gëtt, haten nëmme 6% vun de Betriber genuch Akommes fir déi „lafend Käschten“ gedeckt ze kréien. Déi aner waren op d‘Hëllef vum Staat ugewisen, oder mussen an déi eegen Täsch gräifen.

Net all d‘Selwecht

Wärend hei de Bau verhältnesméisseg gutt ewech komm ass, dreet dësem Secteur elo eng Baustoff-Penurie. Zu de vun der Beruffskummer genannten Handwierkssecteuren, déi vun der Covid19-Kris am schlëmmste betraff sinn, gehéiere wuel als éischt esou Betriber, déi Veranstaltungen oder soss Aktivitéiten ënnerhalen, déi mat vill Public ze dinn hunn (Evenementer, Ausstellungen an Foiren).

Mee et wieren och d‘Alimentatioun, d‘Moud, d‘Gesondheet an d‘Hygiène betraff. De Minister Lex Delles huet sech datt alles unhéieren, an nach emol insistéiert, datt d‘Regierung alles gemaach huet, fir den Entreprisen ënnert d‘Äerm ze gräifen. D‘Handwierk zielt ëmmerhin eng 8.000 Betriber (et goufen 2020, 253 neier gegrënnt) mat ëm déi honnertdausend Salariéeën. Hëllef mécht also Sënn.

An da gëllt et jo och no vir ze kucken. Mat der Impfstrategie déi d‘Regierung sech ginn huet, sollt grad am Handwierk d‘Liicht um Enn vum Tunnel däitlech ze erkenne sinn. De Mëttelstandsminister steet zudeem och weiderhinn, hannert allen Entrepreneuren, déi Situatiounsbedéngt nach ëmmer net hiren Aktivitéiten nogoe kënnen. Mee duerno, also no der Kris, muss ee weider um Ball bleiwen…

Illustratioun: © Chris Ralston / unsplash

Annex: Communiqué Beruffskummer

Related topics Beruffskummer, Chambre des Métiers, Lex Delles, Mëttelstandsminister, Pandemie, Tom Oberweis
Next post Previous post